Abschiebung net ouni Problemer

An enger parlamentarescher Fro wëll de Fernand Kartheiser Detailer gewuer gi, wéi d’Situatioun am „Centre de rétention“ beim Findel sech duerstellt. Gewosst ass, datt vill Leit hei iwwerduerchschnëttlech laang asëtzen, well hir Pobeieren net an der Rei sin oder hir Demande op Asyl net unerkannt ginn ass. Mee sinn hei och Leit, déi keng Openthaltsgenemegung haten an och anescht stroffälleg gi sinn?

 

Fro

De „Centre de rétention“ zu Lëtzebuerg ass dacks an der Kritik. Hei sëtzen, verschiddene Presseartikelen a besonnesch engem Artikel vu Reporter vu Mäerz 2020 no, dacks Leit ouni Pobeieren oder deenen hir Asyl-Demande ofgewise gouf laang Zäit fir op hir Abschiebung ze waarden. Fir mir e Bild vun der aktueller Situatioun ze maachen, hätt ech dës Froen un den Här Bausseminister:

  1. Wéi vill Leit sëtzen zur Zäit am „Centre de rétention“an op wéi vill Leit maximal ass déi Struktur ausgeluecht?
  2. Wéi vill Leit sëtze méi wéi sechs Méint am Centre de rétention a wéi laang sinn déi Zäitraim? Sinn déi ëmmer konform zum Maximalopenthalt am Gesetz?
  3. Wéi vill Persounen an Abschiebehaft haten net nëmme keng Pobeieren oder en negativen Asyl-Bescheed, mee waren hei am Land och an enger anerer Form strooffälleg ginn?
  4. Wéi vill Persoune sëtzen am „Centre de rétention“, well hir Hierkonftslänner si net méi zeréckwëllen?
  5. Wat fir Länner belaaschten de „Centre de rétention“ am meeschten, duerch hir Haltung géintiwwer hiren eegene Bierger?
  6. Wat fir formell diplomatesch Démarchen huet Lëtzebuerg ënnerholl fir d’negativ Haltung vun dëse Länner ze beaflossen?

Äntwert

Äntwert vum Här Aussen- an Europaminister op d’parlamentaresch Fro no. 6000 vum 30. März 2022 vum honorabelen Deputéierten Här Fernand Kartheiser

  

  1. Wéi vill Leit sëtzen zur Zäit am „Centre de rétention“ an op wéi vill Leit maximal ass déi Struktur ausgeluecht?

 Den 20. Abrëll 2022 huet de Centre de rétention 33 eenzel Männer hebergéiert. De Centre ass a 4 Unitéiten opgedeelt wouvun der 3 am Prinzip vir Männer reservéiert sinn (46 eenzel Zëmmer) an eng mat 14 Zëmmer vir eenzel Fraen an/oder Familljen, woubäi ze bemierken ass, dass déi Zëmmer kënnen duebel beluecht gi wann Famillje mussen opgeholl ginn, sou dass d’Capacité d’accueil maximale normale bei 60 ass wann just eenzel Fraen an eenzel Männer hebergéiert ginn a bei maximal 74 wann all Zëmmer vun der Familljen/Fraen-Unitéit duebel beluecht wier.

2.     Wéi vill Leit sëtze méi wéi sechs Méint am Centre de rétention a wéi laang sinn déi Zäitraim? Sinn déi ëmmer konform zum Maximalopenthalt am Gesetz?

 Säit senger Mise en service am August 2011 ass kee vun den 3507 Retenuen déi am Centre logéiert goufe méi laang wéi déi legal maximal Openthaltsdauer am Centre placéiert gewiescht. D’Moyenne vun der Openthaltsdauer lung vir d’Joer 2021 bei 45 Deeg.

3.     Wéi vill Persounen an Abschiebehaft haten nët nëmme kéng Pobeieren oder en negativen Asyl- Bescheed, mee waren hei am Land och an enger aanerer Form strooffälleg ginn?

 Vun deenen 33 eenzel Männer déi den 20. Abrëll 2022 am Centre de rétention souzen, haten 3 Persounen keng Pabeieren, wéi och een negativen Asyl-Bescheed a si stroffälleg ginn.

4.     Wéi vill Persoune sëtzen am Centre de rétention, well hir Hierkonftslänner si nët méi zeréckwëllen?

 Keng.

5.     Wat fir Länner belaaschten de Centre de rétention am meeschten, duerch hir Haltung géintiwwer hiren eegene Bierger?

 Ech verweisen den honorablen Deputéierten op d’Aentwert hei uewendriwwer.

6.     Wat vir formell diplomatesch Démarchen huet Lëtzebuerg ënnerholl fir d’negativ Haltung vun dëse Länner ze beaflossen?

 Reegelméisseg ginn op EU- a Benelux Niveau Initiativë geholl fir d’Zesummenaarbecht mat den Hierkonftslänner ze verbesseren. Am Prinzip gëtt all Joer eng Journée consulaire organiséiert fir d’Konsulen vun den wichtegste Hierkonftslänner iwwer déi Lëtzebuerger Prozeduren a Gesetzer ze informéieren an d’Zesummenaarbecht ze renforcéieren. All zwee Joer fënnt och eng gemeinsam Journée consulaire vun de Benelux-Länner statt. Parallel gi reegelméisseg bilateral Reunioune mat den Ambassadeure vun deenen Hierkonftslänner organiséiert wou de Retour ze verbesseren ass.

Deel dëse Post: