Aarmutsrisiko bei de Jonken eescht huelen

Lëtzebuerg war bei enger Eurostat-Etüd am europäesche Vergläich op déi zweete Plaz komm wat den Aarmutsrisiko bei Jonke Leit ugeet. Déi Statistik ass an der Chamber generell als net iwwerzeegend bewäert ginn. Dem Fernand Kartheiser no misst sech d’Politik trotzdeem d’Fro stelle wat een alles maache ka fir dem Aarmutsrisiko vun deene Jonke Leit am Land entgéint ze wierken.

 

 

 

Deel dëse Post: