Aarmut: Lëtzebuerg huet e seriöe Problem!

110.000 Leit kënnen sech zu Lëtzebuerg kee wierdegt Liewe méi leeschten a bal 50 Prozent vun den Allengerzéiende sinn an der Aarmutsfal – alarméierend Zuelen, déi de Nord-Deputéierte Jeff Engelen a senger Interventioun vum 4. Februar der Chamber presentéiert. Déi wichtegst Ursaach fir dës dramatesch Entwécklungen ass e Wuesstemsmodell, deen déi Räich ëmmer méi Räich mécht an déi Kleng op der Streck léisst.De Statec ass an engem Rapport vun 2018 ganz däitlech zum Schluss komm, datt de stramme Wuesstem pro-riche ass. D’Majoritéitsparteien hunn ni e Geheimnis draus gemaach, datt si kloer op eng Politik vum stramme Wuesstem setzen: Fir Gambia2 wéi et schéngt, déi eenzeg Patentléisung . Da sollen si sech och esou konsequent sinn a bei de Leit dobaussen och kee Geheimnis draus maachen, datt si kloer eng Politik fir déi Gutbetuchten, fir déi Räich maachen. Dat wär nëmme fair. De Profit vun enger floréierender Wirtschaft kënnt net méi bei den einfache Leit un; just nach déi Räich profitéiere vun där Entwécklung.

De Nord-Deputéierten huet sech a senger Interventioun awer net domat zefridde ginn, just ze kritiséieren a proposéiert eng ganz Rei Léisungsusätz, wéi mir elo schonn d’Aarmut zu Lëtzebuerg wierksam bekämpfe kënnen. Dozou gehéiert, datt d’Politik och d’Steierkreditter esou reforméiert, datt fir jiddereen e Liewen an Dignitéit méiglech ass. D’Politik soll endlech ophalen, déi falsch Decisiounen ze huelen. D’Gesetz iwwert d’Bankkreditter, wat rezent gestëmmt gouf, ass esou e Schrëtt an déi falsch Richtung. Hei traue mir de Bierger duerchaus zou, genuch Suen ze hunn, fir horrend Loyeren ze bezuelen, d’Politik traut de Leit awer net méi zou, op en Eegenheem zouzeschaffen a sech sou eng kleng materiell a finanziell Basis opzebauen. Dëst ass en trauregt Signal vun der Regierungspolitik un all Leit, déi sech e Liewen a materieller Sécherheet wëllen opbauen. Déi onsënneg ideologesch Klimapolitik ass e weidere Faktor, deen et deene méi klenge Portmonnien ëmmer méi schwéier mécht, fir iwwert d’Ronnen ze kommen. 

Och de Solidaritéitsgedanke spillt eng wichteg Roll. Déi Äermst vun den Aarmen, déi a Foyeren Zouflucht sichen, musse beschtméiglechst betreit ginn; e waarmt Bett, eng waarm Moolzecht an d’Recht op medezinesch Betreiung mussen hei garantéiert sinn. Och d’Altersaarmut däerf net tabuiséiert ginn. Hei soll an den Altersheemer déi finanziell Ënnerstëtzung esou ugepasst ginn, datt genuch iwwreg bleift fir essentiell Grondbedierfnisser wéi z.B. eng Pedicure oder Medikamenter, déi net vun der CNS rembourséiert ginn.

D’Aarmut am ländleche Raum ass e besonnescht akut Thema; d’Infrastruktur ass manner gutt ausgebaut an et ass méi schwéier, fir Hëllef an Usproch ze huelen. Eng besser ofgestëmmten Infrastruktur an d’Sensibiliséiere fir d’Aarmut am ländleche Raum si Punkten, fir déi d’ADR sech net eréischt säit gëschter asetzt. Soulaang am scheinbar räiche Lëtzebuerg d‘Aarmut esou eng traureg Berüümtheet anhëlt, esou laang wäert d’ADR weiderkämpfe fir e Liewen an Dignitéit fir all Bierger.

 

 

.

 

Deel dëse Post: