[Chamber-Video]: Legitim Rechter vun Israel ignoréiert!

Virun de Budgets-Debatten huet d’Chamber den 17. Dezember 2014 iwwer zwou Motiounen, déi eng méiglech Unerkennung vun engem Staat „Palästina“ betreffen, ofgestëmmt. Europäesch Virleefer heiranner ware jo Schweden an d’Parlamenter vun e puer aneren EU-Memberstaten. D’Lëtzebuerger Baussepolitik vertrëtt scho méi laang d’Zwoustaate-Léisung als eenzeg Solutioun fir de Noen Osten. Dowéinst huet den Ausseminister och ausdrécklech déi zwou Motiounen iwwer eng méiglech Unerkennung vu Palästina begréisst, déi vun der Chamber ugeholl gi sinn.
D’ADR huet géint den Text vun deene véier Lénksparteien (DP, LSAP: déi Lénk an Déi Gréng) gestëmmt, dee vum Här Marc Angel (LSAP) deposéiert gouf. Eis Partei vermësst an dem Text, déi weder genee Datumer nach aner Konditiounen un d’Unerkennung knëppt an domat der Lénks-Regierung e Blankoscheck ausstellt, déi elementaarste Garantië fir Israel. Wéi de Fernand Kartheiser, deen och nom Minister nach eemol d’Wuert ergraff huet,  erklärt, ass d’Hamas, als stäerkste politesch Kraaft an der Gaza-Sträif, eng rassistesch an terroristesch Organisatioun, fir déi de Friddensprozess „futile“ ass an an hirer Charta d’Zerstéierung vun Israel an d’Vernichtung vun alle Judde fuerdert. Ir all wichteg palästinensesch Organisatiounen, also och d’Hamas, net d’Existenzrecht vun Israel unerkannt hätten, wär net de Moment fir Palästina als Staat unzeerkennen, esou d’ADR-Positioun. Dofir haten eis Deputéiert gefuerdert, dës wichteg Präzisioun an d’Motioun vun deene véier Lénksparteie mat opzehuelen. Dat hunn si awer refüséiert an dowéinst huet d’ADR géint den Text gestëmmt.
D’CSV huet gläichzäiteg eng Motioun deposéiert, déi a groussen Zich där entsprécht, déi am Europaparlament vun enger grousser Majoritéit an och vun deenen konservative Parteien, matgedroe gëtt. Déi Motioun ass vill méi nuancéiert a bezitt sech ausdrécklech op d’Unerkennung vum Existenzrecht vun Israel duerch déi palästinensesch Mouvementer. D’ADR huet dowéinst, wéi och déi konservativ Parteien am Europäesche Parlament, déi Motioun matgestëmmt, déi dunn mat de Stëmme vun der CSV an der ADR ugeholl gouf.
D’ADR huet domat ënnerstrach, datt si fir eng Zwee-Staate-Léisung ass an och fir eng Unerkennung vun engem Staat „Palästina“, awer nimools op Käschte vun de legitimen Interessie vum Staat Israel an der Sécherheet vun all sengen Awunner.

Deel dëse Post: