Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Europawalen 2014 publizéiert ginn.
De 6. Abrëll huet am Centre culturel „Schéiss“, an der Stad, den National- an Europakongress vun der ADR stattfonnt.
Wat den nationale Volet ugeet, stoung ënnert anerem d‘Wiel vun der Parteispëtzt op der Dagesuerdnung. D‘Mandatairë goufen all op hirem respektive Poste konfirméiert. D‘Equipe, déi d‘Partei soll leeden, setzt sech aus dëse Leit zesummen:
- Nationalpresident: Jean Schoos
- Vize-Presidenten: Marceline Goergen, Roy Reding, Michèle Retter, Carlo Kirsch
- Generalsekretärin: Liliana Miranda
Den Nationapresident Jean Schoos ass nach eng Kéier op dat gutt Resultat vun der ADR bei de leschte Chamberwalen agaangen. Hien huet och fir e méi demokratesche Walsystem plädéiert.
Dat eenzegt, wat déi dräi Regierungsparteie verbënnt, wier de Wëllen de fréiere Premier fort ze hunn an hir Positiounen zur Gesellschaftspolitik. An allen anere Froen (Soziales, Wirtschaft, Finanzen, asw) sinn si sech net eens, an aus deem Grond kann et just zu engem „regierungpoliteschen Eenheetsbräi“ kommen.
D‘ADR bleift dem Jean Schoos no déi eenzeg kredibel Oppositiounspartei. D‘CSV wier nach ëmmer net an der Oppositioun ukomm, an déi Lénk stellen zwar héich sozial Fuerderungen, mä wëlle gläichzäiteg de ganze Wirtschaftssystem zerstéieren.
D‘TVA-Erhéijung am Bausecteur géif dozou féieren, datt d‘Wunnen zu Lëtzebuerg ëmmer méi deier gëtt. D‘Famillje missten domadder rechnen, datt duerch dës Regierungsmoossnam de Loyer ferm an d‘Luucht geet. En Haus bauen ze loosse kéim souwisou just nach fir déi allermannst a Fro.
Den Nationalpresident huet och betount, datt et inakzeptabel ass, am Beräich Bildung ze spueren. Boursen ze kierzen hätt als Konsequenz, datt net jiddereen et sech kéint leeschten op d‘Uni ze goen.
D‘Regierung mécht eng Politik géint d‘Familljen, esou de Jean Schoos, deen ënnerstracht huet, datt Lëtzebuerg doduercher nach méi staark op d‘Immigratioun ugewisen ass.
„Den Tram léist net de Problem vun de Pendler“, sot den Nationalpresident. „Sollt den Tram gebaut ginn, stinn déi Leit, déi fir dee Projet hu misste bezuelen, nach ëmmer am Stau!“
Wat Aarbecht a Beschäftegung ugeet, hätt den zoustännege sozialistesche Minister net vill Opweises: d‘ADEM ass an en neit Gebai geplënnert, mä de Chômage-Taux klëmmt ëmmer weider, an dat virun allem bei de Jonken. D‘Beruffsausbildung, esou wéi se am Ament an de Schoulen ugebuede gëtt, géif doozu féieren, datt vill jonk Leit ouni Diplom op den Aarbechtsmarché kommen. De Jean Schoos huet dës Situatioun als „Katastroph“ bezeechent.
„No den éischten 100 Deeg Dräiercoalitioun si mer op der ganzer Linn enttäuscht ginn“, esou d‘Conclusioun vum Nationalpresident. „D‘Regierung war ugetratt mat ganz héijen Ziler an ass gelant am politeschen Eenheetsbräi. Mä hätt een sech kënnen eppes aneschtes erwaarde vun enger Regierung, déi bal zur Halschent aus Leit besteet, déi zënter 9 Joer un der Muecht sinn an déi als Sozialisten och mat der CSV näischt op d‘Rei bruecht hunn?“
Aus deene Grënn missten d‘Bierger bei den Europawalen de Regierungsparteien déi rout Kaart weisen. Et wier un der Zäit, datt d‘ADR an Europa eng Stëmm kritt, esou wéi si et scho méi laang verdéngt hätt.
De Generalcaissier Jean-Claude Strottner huet de Finanzrapport an d‘Generalsekretärin Liliana Miranda huet den Aktivitéitsbericht fir d‘Joer 2013 presentéiert.
Wat den europapoliteschen Deel vum ADR-Kongress ugeet, goufen d‘Kandidate fir d‘Europawalen nach eng Kéier virgestallt.
De Roy Reding an d‘Liliana Miranda hunn de Walprogramm (Säite 4, 5 a 6 vun desëm Pefferkär) presentéiert, dee vun de Memberen ofgeseent gouf.