Fiskalpakt = Verloscht u Souveränitéit

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Europawalen 2014 publizéiert ginn.

Wann et eng Moossnam gëtt, déi bei engem méi breede Publikum onbemierkt bliwwen ass, obwuel se eng reell Gefor fir Lëtzebuerg duerstellt, dann ass et d’Akraafttriede vum Traité iwwert Stabilitéit, Koordinéierung a Steierung an der Wirtschafts- a Währungsunioun, och nach Europäesche Fiskalpakt genannt.

Ëm wat geet et ?

Virun 2 Joer hunn d’Memberstaaten – mat Ausnam vun England a vun der Tschechescher Republik – zu Bréissel en Traité ënnerschriwwe mam Zil „d’Budgetsdisziplin ze promovéieren“. D’Länner hunn sech also engagéiert national Budgete virzeleeën, déi am Equiliber sinn. Nieft dem Staatsdefizit, deen net däerf méi héich si wéi 3% vum PIB (e Kritär, dee schonns am Traité vu Maastricht festgeluecht gouf), gouf d’Limite vum strukturellen Defizit, dat heescht vum Defizit ouni konjunkturell Fakteuren ze betruechten, vun 1% op 0,5% erofgesat. D’Memberstaate mussen also hir Depensë reduzéieren, respektiv d’Steieren erhéijen.

D’ADR war schonn ëmmer fir eng sougenannte Scholdebrems. Et ass immens wichteg, datt d’Lëtzebuerger Regierung et endlech fäerdegbréngt de Budgetsdefizit ze reduzéieren, net zulescht well et absolut méiglech ass dat Zil ze erreechen ouni onzoumuttbar Mesuren ze huelen, déi de wirtschaftleche Wuesstem oder déi sozial Kohäsioun géifen a Fro stellen.

Et ass trotzdem inakzeptabel, datt d’Scholdebrems vun der EU imposéiert, an net vun der Lëtzebuerger Regierung agefouert gouf. D’Konsequenze kéinten desastréis si fir d’Bierger! Wann d’Dispositiounen, déi am Traité virgesi sinn, net respektéiert ginn, dat heescht am Fall vun engem ze héijen Defizit par rapport zum PIB, gëtt automatesch e „Korrekturmechanismus“ ausgeléist. E komplizéierten Ausdrock fir en einfachen, mä dofir inakzeptable Prinzip: et ass net méi un der Chamber, mä un der EU-Commissioun fir iwwert d’Recetten an Depensen ze decidéieren!

Et kënnt nach dobäi, datt den Europäesche Geriichtshaff, dee sech selbstverständlech aus net-gewieltene Riichter zesummesetzt, däerf finanziell Sanktiounen operleeën (bis zu 0,1% vum PIB).

Wéi soll een sech net géint dësen neie Verloscht u Souveränitéit revoltéieren? Wéi kann een acceptéieren, datt Decisiounen zum Staatsbudget net vu Volleksvertrieder, déi demokratesch gewielt goufen, geholl ginn, mä vun Institutiounen, mat deenen sech d’Bierger absolut net identifizéieren?

Souwuel d’ADR ewéi och déi aner Membere vun der Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten (AECR) setzen sech fir eng méi demokratesch EU an, déi de Prinzip selwer vun der Souveränitéit respektéiert.

Deel dëse Post: