Jo zur Solidaritéit, mä mat Verstand!

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Europawalen 2014 publizéiert ginn.

Enn 2011, wéi et drëms gaangen ass, wéinst der Finanzkris, d‘Mëttele vun der Weltbank eropzesetzen, hat Lëtzebuerg nees emol d‘Nues fir. Lëtzebuerg rett de Globus, an all Lëtzebuerger huet der Weltbank iwwer 4.000 Euro geléint. Déi arem Noperen aus der Belsch kënnen nëmmen 912 Euro op de Kapp abezuelen, déi aus Däitschland 507 Euro an déi aus Frankräich 482 Euro. Beim Klamme vun de Staatsscholde kënnt et fir Lëtzebuerg jo op 2 Milliarden Euro och net méi un, oder? D’ADR géif sech trotzdem freeën, wann an Zukunft de Verstand bei internationale Verflichtunge géif matspillen!

Lëtzebuerg ass net nëmme Weltmeeschter, mir sinn esouguer Weltmeeschter „hors catégorie“! En anert Beispill? Am Fall vum Prêt vun 150 Milliarden Euro un den internationale Währungsfonds muss all Lëtzebuerger de stolze Bäitrag vu 4 024,70 Euro op den Dësch leeën, oder méi wéi 16 000 Euro bei enger Famill mat 2 Kanner. No eis kënnt ganz laang keen. Bei den 13 Länner aus der Eurozon, déi beim Prêt matmaachen, läit den Duerchschnëtt pro Kapp bei 493,08 Euro. Lëtzebuerg ass 8 Mol besser: ass dat dann näischt ?

An der Disziplin, dem Steierzueler säi Geld anzesetze fir d‘Finanzkris ze meeschteren, ass Lëtzebuerg och Europameeschter. De Spiegel, Nummer 39 vum 21. September vun dësem Joer, bréngt et op de Punkt: „Demnach zahlte jeder Deutsche im vergangenen Jahr 264,80 Euro an den ESM. Die Luxemburger entrichteten pro Kopf 373 Euro (…).“

De Bäitrag vun engem Lëtzebuerger an den Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM) ass also ronn 40% méi héich wéi dee vun den Däitschen! Lëtzebuerg participéiert Cash mat net manner wéi 200,3 Milliounen Euro am ESM, an ass am ganzen eng Verflichtung vun 1,75 Milliarden Euro fir eleng dëse Präbbeli agaangen! Géif Lëtzebuerg am selwechte Mooss wéi Däitschland an den ESM abezuelen, wär eisen direkte Bäitrag ronn 143 Milliounen Euro also 57Milliounen Euro manner!). An därselwechter Proportioun wär eisen Undeel um Stammkapital 1,25 Milliarden Euro, eis Verflichtung wär eng hallef Milliard méi kleng!

Lëtzebuerg ass pro Kapp Europa- oder Weltmeeschter a villen Disziplinnen, vun der Hëllef fir d‘Cooperatioun iwwert d’Zuel vun Asylanten, Zaldoten am internationalen Asaz, Kyoto-Bäitrag fir den CO2 erofzesetzen, a villes méi.

D’ADR freet: wie rett Lëtzebuerg? Ouni den Iwwerschoss vun der Pensiounskees kéint Lëtzebuerg risquéieren aus de Maastricht-Kritären erauszefalen. Da géif Bréissel sech an onse Budget an an onst Sozialwiesen amëschen. Wéi esou eng Rettung ausgesäit kann een a Griicheland, Spuenien oder Portugal nofroen.

Och d’ADR steet zur internationaler Solidaritéit, verlaangt awer vun der Regierung, datt dëst mat Verstand muss geschéien. Als Moossstaf fir eis Hëllef a Rettungsschiermer an aner Solidaritéitsmoossname mussen d’Bäiträg vun eisen Nopeschstaaten oder den Duerchschnëtt vun de Länner aus der Eurozon pro Kapp vun der Bevëlkerung gëllen! Och dat wier e wichtege Bäitrag fir d‘Depensë vum Staat erofzesetzen an de Budgetsequiliber ze erreechen, ouni d‘Steieren an d‘Staatsschold an d‘Luucht ze dreiwen.

Et kann och prinzipiell net sinn, datt d‘EU ëmmer méi a Richtung Scholdenunioun geet, wat net nëmmen eng Feelentwécklung ass, mä dobäi och nach géint Verträg verstéisst!


Wat ass den ESM?

Den Europäesche Stabilitéitsmechanismus (ESM) ass de 26. Juni 2012 an der Chamber gestëmmt ginn. Zil vun deem Instrument ass, déi Länner ze ënnerstëtzen, déi iwwerschëlt sinn a sech an enger finanziell besonnesch kritescher Situatioun befannen. Déi Memberstaate kréien da Kreditter ënner subventionnéierte Conditiounen.

D‘Participatioun vu Lëtzebuerg um Kapital vum ESM beleeft sech op net manner wéi 1,75 Milliarden Euro. Vun där Zomm waren 200 Milliounen direkt ze buezuelen (80 Milliounen am Joer 2012, d‘lescht Joer 80 Milliounen an dëst Joer 40 Milliounen). Dëst sinn déi sougenannten „parts libérées“. Iwwert déi reschtlech Zomm vun 1,5 Milliarden Euro huet weder d‘Chamber nach d‘Regierung en direkten Afloss! Besonnesch alarmant ass och, datt dee Montant nach kann an d‘Luucht goen, ouni datt et dofir muss zu enger Ofstëmmung an der Chamber kommen.

Well et eng Contrepartie gëtt, ginn d‘Suen, déi Lëtzebuerg abezuelt huet, net zur Scholdeberechnung ugerechent; an awer huet den ESM en enormen Impakt op d‘Budgetspolitik. Et handelt sech nämlech ëm Suen, déi Lëtzebuerg huet misse léine goen, an dat stellt eben eng Schold duer, dat heescht eng zousätzlech Belaaschtung fir de Staatsbudget!

Bis elo hunn iwwwregens zwee Länner vum ESM profitéiert: 41,4 Milliarden Euro fir Spuenien an 9 Milliarden Euro fir Zypern!

Deel dëse Post: