Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.
Wéi vill Affäre mussen nach un d’Dagesliicht kommen, fir datt e Code de déontologie fir Minis-teren, Deputéiert a héich Beamten ausgeschafft gëtt? Dës Fro stellen sech ëmmer méi Bierger, déi d’Vertrauen an d’Politik verluer hunn.
Ass et vertrietbar, datt e Politiker an enger kontraktueller Relatioun steet mat engem Geschäftsmann, dee Schwieregkeete mam Staat huet? An datt dee Politiker et net fir néideg hält, dee Lien public ze maachen, wéi dat am Dossier Léiweng/Wickreng de Fall war?
Ass et vertrietbar, datt e Minister säi Poste mëssbraucht, fir Polizisten ze intimidéieren, déi just hir Aarbecht gemeet hunn, wéi dat an den Affäre vum Minister Schmit de Fall ass?
Ass et vertrietbar, datt en héije Beamten am Verwaltungsrot vun Entreprisë sëtzt fir de Staat ze vertrieden – an niewebäi och de Verwaltungsrot vun där Instanz presidéiert, déi dës Entreprisë soll kontrolléieren?
D‘ADR seet ganz kloer Neen!
Souwuel d‘Ministeren, wéi och d‘Deputéiert an déi héich Beamte musse sech u gewësse Reegelen halen! An déi Reegele gehéieren an e Code de déontologie, deen esou séier wéi méiglech muss a Kraaft trieden. De Staat ass ëmmer ganz fläisseg, wann et drëms geet de Bierger ze kontrolléieren. Mä vläicht ass et un der Zäit, datt de Bierger d‘Méiglechkeet kritt, fir de Staat besser ze kontrolléieren…