Här President,
Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weiderzeleeden.
D’Remboursementer vun der Gesondheetskees, respektiv der Staatsbeamtekrankekeess, si fir vill Leit vu grousser Wichtegkeet fir sech kënnen déi medizinesch Traitementer ze leeschten, déi si brauchen. Si droen domat och e wichtegt Stéck dozou bäi fir eng Zwou-Klasse-Gesellschaft hei zu Lëtzebuerg ze verhënnere;, déi eng, déi sech kënnen anstänneg medizinesch Soine leeschten an déi aner, déi dat eben net kéinten.
Et gëtt allerdéngs eng Rei vu ganz sielene Krankheeten, déi zwar kënne behandelt oder souguer geheelt ginn, mä nëmme mat ganz grousse finanzielle Mëttelen. An der Belsch gëtt zum Beispill am Abléck vill iwwer de Fall vun engem Bouf vu 7 Joer diskutéiert, deen um «Syndrome hémolytique et urémique atypique (SHUA)» leit. An sou Fäll ass et dacks liewenswichteg, datt d’Patienten sech déi néideg Medikamenter kënne leeschten.
An deem Zesummenhank wéilt ech dem Här Gesondheetsminister dës Froe stellen:
- Wéi sinn esou Situatiounen hei zu Lëtzebuerg gereegelt ?
- Wéi ginn déi Patiente finanziell ënnerstëtzt, déi u sielene Krankheete leiden ?
Mat déiwem Respekt,
Fernand Kartheiser
Deputéierten
Réponse écrite de Monsieur Mars Di Bartolomeo, Ministre de la Santé