An der EU ass ëmmer dat Land fir Asylanten zoustänneg, an deem si d’Unioun déi éischte Kéier betrueden hunn. Wann si probéieren als Asyltouristen an aner Länner weiderzezéien, huet hir Zilland, d’Recht si un d’Land iwwert dat si ursprénglech agereest sinn, zeréck ze iwwerstellen. Lëtzebuerg ka just iwwert de Findel als éischt EU-Land betruede ginn, wou d’Leit automatesch erfaasst ginn. Trotzdeem hunn aner EU-Länner 2025 422 Demanden u Lëtzebuerg gestallt, well Asyltouriste bäi si weidergezu wieren. Wéi erkläert den Inneminister déi Zuelen? Eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Tom Weidig:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.
Esou wéi den 21. Juli am Lëtzebuerger Wort ze liese war, hunn aner EU-Länner 2025 422 Demanden u Lëtzebuerg gestallt, fir, datt mir Asylbewerber am Kader vum Dublin-System zeréckhuelen. 70 Demandë gouf entsprach an déi entspriechend Leit offiziell u Lëtzebuerg iwwerstallt. Déi Zuelen entspriechen engem Plus vu 16,4 Prozent bäi den Demanden an engem Plus vun 20,7 Prozent bäi de physeschen Iwwerstellungen. Am Hibléck op méiglech Ursaachen huet den Här Inneminister dem Lëtzebuerger Wort no ausgesot, datt déi Entwécklung “auf eine Kombination mehrerer Faktoren zurückzuführen sein könnte und eine Erklärung eine eingehende Analyse erfordern würde”.
Physesch kann ee Lëtzebuerg als éischt EU-Land just iwwert de Findel betrieden. Wann een dat net gemaach huet, dann ass een iwwer en anert EU-Land op Lëtzebuerg komm. Doraus ergëtt sech, datt entweder keen Asyl an deenen EU-Länner ugefrot gouf, oder, datt déi zoustänneg Autoritéiten déi entspriechend Persounen net oder feelerhaft an hiren offiziellen Datebanke registréiert hunn.
An deem Zesummenhang géif ech dem Här Inneminister gär dës Froe stellen:
- Wéi eng Länner hunn 2025 déi 422 Demandë gestallt? Ëm wéi vill Persounen handelt et sech pro Land?
- Firwat hunn déi Länner eng Demande u Lëtzebuerg gestallt? Well dat Land rausfonnt huet, datt des Persounen an enger Datebank vun eis agedroe gi sinn als Persounen, déi hei Asyl ugefrot hunn? Oder kann et och sinn, datt do Persounen drënner sinn, déi keen Asyl ugefrot hunn, mee, zum Beispill, op der däitscher Grenz zeréckgewise goufen op Lëtzebuerg, sougenannten “Pushbacks”?
- Firwat goufe vun de 422 Demanden nëmme 70 Demanden, Stand Juli 2026, akzeptéiert a Persounen iwwerstallt? Sinn déi aner 352 definitiv ofgeleent ginn oder sinn si nach net ofgeschloss? Kënnt Dir duerfir e Breakdown vun de 422 Demandë maachen: akzeptéiert an iwwerstallt (70), akzeptéiert mee nach net iwwerstallt, refuséiert mee dat anert Land huet sech opposéiert, definitiv refuséiert an en cours?
- Wa Lëtzebuerg eng Demande ofleent, kann sech dat anert Land opposéieren? Wéi dacks ass dat virkomm? Wéi sinn des Fäll ausgaangen?
- Wat sinn d’Grënn vun den Ofleenunge vun den Demanden?
- Wéi vill vun deene Persounen, wou mir d’Demande akzeptéiert hunn, sinn iwwert de Findel an d’EU agereest an hunn do Asyl ugefrot?
- All déi aner hu jo missten aus engem aneren EU-Land kommen. Huet den Här Minister eng Enquête lancéiert fir rauszefannen a wéi engem Land si d’EU warscheinlech fir d’éischte Kéier betrueden hunn? Wat fir eng Nationalitéit a Geschlecht hunn si?
- Mussen déi Asylbewerber, déi Lëtzebuerg zeréckgeholl huet, mat Sanktioune rechnen, well se Lëtzebuerg wëssentlech an absichtlech verlooss hunn?
- Kann sech dat negativ op hir Asylprozedur auswierken?
- Wann des Persoune weder Sanktiounen nach negativ Auswierkungen ze erwaarden hunn, encouragéiert een domat net weider Verstéiss géint d’Asylrecht an Openthaltsrecht?