Laang gouf den Tram vun der Regierung als Beispill duergestallt, datt d’Lëtzebuerger Sprooch jo och am ëffentleche Raum siichtbar wier, well ëmmerhin d’Statiounen op Lëtzebuergesch duerchgesot ginn. Mee wann et bis eescht gëtt, weist sech wéi sou dacks, wat déi dichteg Wierder vun der Regierung wäert sinn. Glat a guer näischt. E Message vun der Police warnt d’Passagéier reegelméisseg virun Täschendéif. Bäi der allgemenger Sécherheetslag sécher kee Feeler. D’Duerchsoe sinn no Ausso vu ville Passagéier awer eesproocheg op Franséisch. Et huet nach ni een se op deem besonnesch fir d’Touriste sou wichtegen Englesch héieren a scho guer net op Lëtzebuergesch. De Michel Lemaire verlaangt Erklärungen:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
Zu de reegelméissegen Duerchsoen am Tram gehéiert och eng Warnung vun der Police virun Täschendéif. Passagéier deelen allerdéngs mat, datt déi entspriechend Tounbandopnam ëmmer nëmmen eesproocheg op Franséisch ofgespillt gëtt. Den Tram gëtt awer besonnesch säit der Verlängerung bis op de Findel och ëmmer méi vun Touriste genotzt, fir déi virun allem Englesch als Ëmgangssprooch wichteg ass.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Kann d’Madamm Minister bestätegen, datt dee genannte Message vun der Police just eesproocheg op Franséisch ofgespillt gëtt? Falls jo, wéi begrënnt d’Madamm Minister déi Decisioun, souwuel op eis Nationalsprooch Lëtzebuergesch, wéi op eis administrativ Sprooch Däitsch an op d’Englesch als éischt Verständnissprooch am internationalen Tourismus ze verzichten?
- Ass d’Madamm Minister der Meenung, datt déi Duerchsoen nieft Englesch och prioritär op eiser Nationalsprooch sollten ofgespillt ginn, fir d’Siichtbarkeet vum Lëtzebuergeschen am ëffentleche Raum ze stäerken? Falls net, firwat net?