D’Hëtztwell léisst wéineg Liewensberäicher onberéiert, dovunner bleift och den Eisebunnsverkéier net verschount. Wéi eng Conclusioune goufe bis ewell aus den Erfarunge vun dësem Joer gezunn? Eng parlamentaresch Fro vum ADR-Norddeputéierte Michel Lemaire:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
Lëtzebuerg huet an de leschte Woche ganz staark summerlech Temperaturen erlieft, déi sech och ob den Eisebunnsverkéier auswierke kënnen.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Kann d’Madamm Minister oplëschten, zu wéi engen Aschränkungen an/oder Verspéidungen et an de leschte Wochen opgrond vun den héijen Temperature komm ass?
- Wéi eng Erfarungen an Erkenntnisser a punkto Kontroll, Ënnerhalt asw. goufen am Bezuch op déi héich Temperature fir dat nationaalt Eisebunnsnetz zeréckbehalen?