De Rapport iwwert d’Accidenter 2025 liest sech op den éischte Bléck wéi eng gutt Noriicht. Trotz ëmmer méi Verkéier am Kader vum Wuesstum bleift d’Zuel vun den Accidenter relativ konstant, geet am Verhältnis also souguer erof. Trotzdeem sinn 2025 nees méi Leit leie bliwwen, wéi d’Joer virdrun. Bäi den Zuele vun den Automobilisten huet d’Zuel vun den déidlech verongléckten Affer sech verduebelt. Trotzdeem muss ee soen, datt se 2024 ganz niddreg louch an och 2025 nëmmen hallef esou héich wéi 2024. Déi schlëmmst Entwécklung weist sech bäi de Foussgänger. D’Zuel vun de Leit, déi hiert Liewe verluer huet sech vun dräi op aacht esou guer méi wéi verduebelt. Wéi kann dat sinn? De Michel Lemaire huet eng Rei Froen zu der Ursaachenanalyse, den Detailer a potenzielle Vermeidungsstrategië beim Bau vun der Infrastruktur:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
Den 19. Juni huet d’Madamm Verkéiersminister de Bilan vun den Accidenter op eise Stroosse fir d’Joer 2025 virgestallt. D’Zuele liesen sech duerchmëscht. Trotz ëmmer méi Verkéiersopkommes bleift d’absolutt Zuel vun den Accidenter säit 2022 relativ konstant. Ëmgekéiert geet se deementspriechend relativ gesinn esouguer erof. Trotzdeem louch d’Zuel vun de Verkéiersdoudegen 2025 mat 29 allerdéngs nees vill méi héich wéi d’Joer virdrun.
An der Infographie vum STATEC léisst déi traureg Entwécklung sech virun allem op zwou Kategorien zeréckféieren. Nodeems d’Zuel vu verstuerwene Chauffere vu motoriséierte Gefierer dräi Joer hannerteneen ëmmer weider erofgaangen ass, ass se zejoert nees vu sechs op zwielef geklomm, huet sech also verduebelt. Trotzdeem louch se domat nach hallef esou héich wéi 2022. Déi stäerkst Augmentatioun gouf et nämlech bäi der Zuel vun de Foussgänger, déi 2025 op eise Stroossen hiert Liewe gelooss hunn. Vun dräi op aacht Doudeger entsprécht engem Ustig vun 150 Prozent. Bäi den heefegsten Ursaache vun den Accidenter kënnt “Onopmierksamkeet vum Foussgänger” (comportement imprudent du piéton) allerdéngs nëmme mat véier Prozent vir. Et stellt sech deementspriechend d’Fro no der Analys, wéi ausgerechent déi schwächst Leit am Verkéier sou iwwerproportional konnte betraff sinn.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Huet d’Madamm Minister eng separat Ursaachenanalyse fir dës Accidenter virhuele gelooss, respektiv ass dat geplangt? Falls jo, wat waren d’Resultater, respektiv bis wéini ass domat ze rechnen? Falls net, firwat net?
- Kann d’Madamm Minister fir sämtlech Accidenter bäi deenen 2025 e Foussgänger involvéiert war, eng Tabell presentéieren, déi ugëtt, ob den Accident um Zebrasträifen, ënnerhalb vun der virgeschriwwener Distanz fir d’Benotze vum Zebrasträif, wäit ewech vum Zebrasträifen, an- oder ausserhalb vun enger Uertschaft stattfonnt huet an ob d’Plaz vum Accident beliicht war?
- Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi weist, wéi eng Ursaach all Kéiers fir den Zesummestouss tëschent Foussgänger an engem Gefier identifizéiert gouf an ëm wéi ee Gefier et sech jeeweils gehandelt huet?
- Wéi dacks huet den Handy bäi deene véier Prozent Accidenter, fir déi “Onopmierksamkeet vum Foussgänger” als Ursaach identifizéiert gouf, eng Roll gespillt? Kann d’Madamm Minister sech virstellen, d’Foussgänger nieft méi klassesche Sensibiliséierungsthemen, wéi “gitt siichtbar” och verstäerkt op d’Gefor vum Handy opmierksam ze maachen?
- Préift d’Madamm Minister doriwwer eraus weider Méiglechkeeten, wéi d’Foussgänger nach besser geschützt kënne ginn? Kann d’Madamm Minister sech notamment virstellen, d’Interaktivitéit vu Foussgänger a motoriséiertem Verkéier nom Virbild vun der Eisebunn, duerch méi Unterführungen a Foussgängerbrécke méi staark ze reduzéieren, wéi bis ewell?