A wéi enger Sprooch ginn d’Rapporten an de Klinicke verfaasst?

Eng wuel rhetoresch Fro, déi awer de Kär vun eisem Sproochegesetz beréiert. Hei d’parl. Fro vum Fred Keup.

Fro:

Geméiss dem Sproochegesetz huet Lëtzebuerg dräi gläichberechtegt administrativ Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Zënter enger Rei vu Jore schaffen an de lëtzebuergesche Klinicken allerdéngs vill Dokteren, déi net all dräi administrativ Sprooche beherrschen.

Eisen Informatiounen no sollen an eenzele Klinicke lëtzebuergesch Dokteren ugewise gi sinn, medezinesch Berichter net méi op Däitsch ze verfaassen, mee ausschliisslech op Franséisch. Sollte sech dës Informatioune bestätegen, géif dat Froen iwwer déi praktesch Ëmsetzung vum Sproochegesetz an de Klinicken opwerfen.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Madamm Minister:

  1. Kann d’Madamm Minister preziséieren, ob et zu Lëtzebuerg méiglech ass, als Dokter an enger Klinik ze schaffen, ouni déi franséisch Sprooch ze beherrschen, wann een Däitsch schwätzt?
  2. Kann d’Madamm Minister preziséieren, ob et zu Lëtzebuerg méiglech ass, als Dokter an enger Klinik ze schaffen, ouni déi däitsch Sprooch ze beherrschen, wann ee Franséisch schwätzt?
  3. Ginn et ministeriell Richtlinnen oder intern Reegelen an de Klinicken, déi festleeën, a wéi enger administrativer Sprooch medezinesch Berichter verfaasst musse ginn? Wa jo, op wéi enger gesetzlecher Grondlag baséieren dës?
  4. Ass d’Madamm Minister der Meenung, datt et mam Sproochegesetz vereinbar ass, Dokteren ze verflichten, medezinesch Berichter ausschliisslech op Franséisch ze verfaassen, wann Däitsch eng gläichberechtegt administrativ Sprooch ass?

Deel dëse Post: