Wiel vun den Unterrechtssproochen an den ëffentlechen Europaschoulen

An den ëffentlechen Europaschoulen hunn d’Schüler méi Fräiheeten, wat hir Unterrechtssproochen ugeet, wéi am traditionelle Schoulsystem. De Fred Keup huet dozou e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

Déi ëffentlech europäesch Schoulen hunn an de leschte Joren zu Lëtzebuerg eng ëmmer méi grouss Bedeitung kritt. Gläichzäiteg gëtt aktuell intensiv iwwer d’Sproochepolitik an eisem Schoulsystem diskutéiert, notamment am Kader vun der Weiderentwécklung vun de verschiddene Sproochenofferen. An deem Kontext ass et vu besonneschem Interessi, besser ze verstoen, wéi eng Sprooche Schüler an den ëffentlechen europäesche Schoulen tatsächlech als éischt, zweet an drëtt Unterrechtssprooch auswielen.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Här Minister follgend Froe stellen:

  1. Leien dem Ministère Statistike vir, aus deenen ervirgeet, wéi vill Schüler an den ëffentlechen europäesche Schoule jeeweils wéi eng Sprooch als L1 (éischt Unterrechtssprooch) gewielt hunn? Wa jo, kann den Här Minister dës Zuelen no Schoul a Sprooch oplëschten?
  2. Leien dem Ministère entspriechend Statistike vir iwwer d’Wiel vun der L2 (zweet Unterrechtssprooch)? Wa jo, kann den Här Minister dës Zuelen no Schoul a gewielter Sprooch matdeelen?
  3. Leien dem Ministère och Donnéeën iwwer d’Wiel vun der L3 (drëtt Unterrechtssprooch) vir? Wa jo, kann den Här Minister dës Zuelen no Schoul a gewielter Sprooch oplëschten?
  4. Falls dës Donnéeën disponibel sinn, kann den Här Minister och uginn, wéi sech dës Zuelen an de leschte fënnef Schouljoren entwéckelt hunn?

Deel dëse Post: