D‘ADR fuerdert en allgemengen Audit, och an den Asylprozeduren

Pressematdeelung vum 21. Juli 2026

D’ADR begréisst, datt den Inneminister Léon Gloden en Audit an der Direction générale de l’immigration am Beräich vun der Immigratioun fir d‘Drëttstaatler ugekënnegt huet. Dat geet awer net duer.

D’ADR ass der Meenung, datt déi rezent, vum Parquet ëffentlech gemaachten Enquête iwwer déi grouss ugeluechte Bedruchs- a Korruptiounsaffär eng grëndlech Analys vum gesamte System verlaangt, fir Mëssstänn och an anere Beräicher auszeschléissen.

D’ADR ass sech bewosst, datt dëse Korruptiounsskandal an der Mandatsperiod vum Här Jean Asselborn ugefaangen huet. Doduerch stelle sech allgemeng Froen: wéi et dozou komm ass, ob de fréiere Minister déi richteg administrativ Kontrollmechanismen implementéiert huet, fir esou Fäll ze verhënneren, a wéi hie reagéiert huet op déi éischt Perquisitioun.

Fir d’ADR steet fest: Hei muss all Bedeelegte sech senger Verantwortung stellen, besonnesch och de fréiere Ressortminister. Duerfir ënnerstëtze mir och d’Initiativ, fir den Här Asselborn an der Innekommissioun virzelueden, a mir behalen eis et vir, och eng Enquêtëkommissioun ze froen.

Hei mussen och all aner Departementer, déi ënnert d’Direction générale de l’immigration falen, iwwerpréift ginn, well den Här Asselborn net nëmmen d’Immigratioun fir d’Drëttstaatler ënner sech hat, mee och d’Asylprozeduren, déi änlech ufälleg si fir Bedruch a Korruptioun.

An der Innekommissioun huet den ADR-Deputéierten Tom Weidig haut de Moien de Minister op d’Noutwennegkeet vun engem ëmfaassenden Audit am Beräich vun der Immigratioun ugeschwat. De Minister Gloden huet sech leider fir e limitéierten Audit ausgeschwat.

Fir d’ADR ass dat eng politesch Feelentscheedung. En erweiderten Audit kéint d’Vertraue vum Bierger an all Immigratiouns- an Asylprozeduren nees hierstellen.

 

 Matgedeelt vun der ADR Fraktioun

Deel dëse Post: