Am Spannungsfeld tëscht KI a sozialer Sécherheet

Wat bedeit d’KI fir eis sozial Sécherheet? Dozou huet d’Alexandra Schoos eng ganz Rei déifgräifend Froen un d’Regierung.

Fro:

An engem rezenten internationalen Opruff warnen iwwer 200 Ekonomisten a Fuerscher, dorënner 16 Nobelpräisdréier, virun de méigleche wirtschaftlechen a soziale Konsequenze vun der séierer Entwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz (KI). Si betounen, datt d’KI an engem vill méi kuerzen Zäitraum zu enger wirtschaftlecher Transformatioun féiere kéint, wéi dat bei fréieren technologeschen Ëmbréch de Fall war. D’KI ka Produktivitéitsgewënner erméiglechen, nei wirtschaftlech Aktivitéite schafen an d’Aarbecht vu ville Beschäftegten ënnerstëtzen. Zur selwechter Zäit besteet awer de Risiko, datt bestëmmten Aufgaben oder Aarbechtsplazen automatiséiert ginn an datt en ëmmer méi groussen Deel vun der wirtschaftlecher Wäertschöpfung net méi duerch mënschlech Aarbecht, mee duerch Kapital, Algorithmen, Donnéeën a Recheninfrastrukture generéiert gëtt.

Dës Entwécklung ass besonnesch relevant fir Lëtzebuerg, well d’Finanzéierung vun eise Sozialversécherungssystemer zu engem groussen Deel op Cotisatioune baséiert, déi un d’Léin an d’Beschäftegung gekoppelt sinn. Dat ëmsou méi, well de Pensiounssystem schonn haut ënner Finanzéierungsdrock steet, de globale Cotisatiounssaz fir d’Pensiounsversécherung 2026 vu 24 op 25,5 Prozent erhéicht gouf an och d’Kranken- a Maternitéitsversécherung mat wuessenden Defiziter konfrontéiert ass. Sollten d’Lounmass an den Undeel vun der mënschlecher Aarbecht un der Wäertschöpfung mëttel- oder laangfristeg erofgoen, géif dat de Finanzéierungsdrock op d’Pensiounen, d’Krankeversécherung, d’Fleegeversécherung an aner sozial Prestatiounen nach zousätzlech verstäerken.

An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Huet d’Regierung, respektiv eng vun de betraffenen Administratiounen oder ëffentlechen Institutiounen, schonn eng Analys oder Simulatioun duerchgefouert, wéi d’Automatiséierung duerch kënschtlech Intelligenz sech kuerz-, mëttel- a laangfristeg op d’Beschäftegung, d’Lounmass an d’Cotisatiounsrecettë vun der Sozialversécherung zu Lëtzebuerg kéint auswierken? Wa jo, zu wéi enge Resultater a Schlussfollgerunge sinn dës Analysen oder Simulatioune komm? Wann nee, ass virgesinn, esou Analysen oder Simulatiounen duerchzeféieren, a wa jo, a wéi engem Zäitraum?
  • Wéi eng Beruffsgruppen a Wirtschaftssecteure sinn den aktuelle Schätzunge vun der Regierung no am stäerkste vun enger méiglecher Automatiséierung betraff? Gëtt dobäi tëschent dem Ersatz vun Aarbechtsplazen an der Ënnerstëtzung vun de Beschäftegten duerch KI differenzéiert?
  • Gedenkt d’Regierung, zesumme mam STATEC, der ADEM, der IGSS, e permanenten Observatoire oder en anere Monitoring-System anzeféieren, fir den Impakt vun der KI op d’Beschäftegung, d’Léin, d’Produktivitéit an d’Finanzéierung vun der Sozialversécherung reegelméisseg ze analyséieren?
  • Wéi wëll d’Regierung sécherstellen, datt d’Produktivitéitsgewënner, déi duerch den Asaz vu KI entstinn, net nëmmen de Besëtzer vu Kapital, Modeller an Donnéeën zeguttkommen, mee och positiv Auswierkungen op d’Léin, d’Aarbechtsbedingungen an d’Finanzéierung vum Sozialstaat hunn?
  • Analyséiert d’Regierung alternativ oder ergänzend Finanzéierungsquelle fir eis Sozialversécherungssystemer, falls sech d’Wäertschöpfung an Zukunft méi staark vun der mënschlecher Aarbecht op Kapital an automatiséiert Produktioun verlagert? Ginn an dësem Zesummenhang Modeller ënnersicht, déi eng méi breet Cotisatiounsbasis, eng Bedeelegung vu kapitalintensive Betriber oder aner Forme vun enger technologieneutraler Finanzéierung virgesinn?
  • Wéi eng konkret Moossname sinn am Kader vun der nationaler KI-Strategie virgesinn, fir Beschäftegter, deenen hir Aufgaben oder Aarbechtsplazen duerch den Asaz vu KI verännert oder ersat ginn, rechtzäiteg ëmzeschoulen? Wéi gëtt séchergestallt, datt dës Formatiounen och fir eeler, manner qualifizéiert a sproochlech méi vulnerabel Beschäftegter zougänglech sinn?
  • Ass d’Regierung der Meenung, datt déi aktuell national KI-Strategie d’Froen iwwer d’Verdeelung vun de Produktivitéitsgewënner an d’laangfristeg Finanzéierung vum Lëtzebuerger Sozialmodell genuch berécksiichtegt? Falls net, ass d’Regierung bereet, dës Strategie ëm eng spezifesch wirtschafts-, aarbechtsmaart- a sozialpolitesch Komponent ze ergänzen?

Deel dëse Post: