Pressematdeelung vum 7. Juli 2026
De Minister Meisch an d‘Regierung wëlle vum nächste Schouljoer un d‘Alphabetiséierung op Franséisch an de Lëtzebuerger Schoulen aféieren. Lo ass awer rauskomm, dass et eng Etüd gëtt, déi schonn am Februar beim Minister ukomm war an déi weist, dass et guer net sou sécher ass, dass déi Alphabetiséierung op Franséisch eppes bréngt, wou souguer éischter de Contraire drasteet. An dës Etüd ass vum Ministère bis elo geheim gehale ginn.
Mir Deputéierter, déi dat Gesetz mat ofgestëmmt hunn, an och dobaussen d‘Leit an d‘Eltere vun de Kanner, déi lo de Choix musse maachen, ob hir Kanner op Franséisch oder op Däitsch sollen alphabetiséiert ginn, kennen d‘Resultater aus där Etüd net. Mir fannen dat ganz schlëmm vum Här Meisch, fir eng Etüd ze verstoppen, déi net a sengem Sënn ass, a mir fuerderen, dass déi Etüd direkt verëffentlecht gëtt.
Mir fuerderen doriwwer eraus och Konsequenzen um Niveau vun der Regierung: De Projet Alpha muss gestoppt ginn.
Matgedeelt vun der ADR Fraktioun