Gi Lëtzebuerger bei Gemengenastellunge benodeelegt?

Et héiert een dacks, datt d’Gemenge Leit astellen, déi keen oder kaum Lëtzebuergesch schwätzen, wärend Lëtzebuerger Mammesproochler sech bei Gemengeservicer oft ëmsoss bewerben. D’Alexandra Schoos an den Tom Weidig hunn dozou e puer Froen un d’Regierung.

Fro:

An de leschte Joren hu verschidde Bierger drop higewisen, datt si sech bei Gemengen oder bei ëffentleche Servicer an de Gemenge fir Aarbechtsplaze gemellt hunn, ouni (trotz erfëllte Qualifikatiouns- a Sproochekrittären) eng Ustellung ze kréien. Gläichzäiteg gëtt vu verschiddene Säiten ugedeit, datt an eenzelne Gemengen oder ëffentleche Servicer Persoune beschäftegt sinn, déi net iwwer déi erfuerderlech Kenntnisser vun der lëtzebuergescher Sprooch verfügen.

Besonnesch a Beräicher mat direktem Biergerkontakt oder an der Kannerbetreiung schéngen esou Situatiounen ëmmer nees fir Onverständnis ze suergen. Verschidde Bierger stellen sech dobäi d’Fro, ob déi gesetzlech Bestëmmungen am Beräich vun de Sproochekenntnisser konsequent ugewannt ginn an ob d’Rekrutéierungsprozeduren iwwerall transparent a fair verlafen.

An deem Kontext géife mir der Regierung gär follgend Froe stellen:

  1. Wéi kontrolléiert d’Regierung, datt d’gesetzlech Bestëmmungen iwwer d’Sproochekenntnisser bei Rekrutéierungen an de Gemengen a bei ëffentleche Servicer respektéiert ginn?
  2. Leien der Regierung Donnéeën oder Reklamatioune vir, déi op méiglech Verstéiss géint dës Bestëmmungen hindeiten?
  3. Ass d’Regierung der Meenung, datt déi aktuell Kontrollmechanismen duerginn, fir eng konsequent Uwendung vun de Sproochebestëmmungen ze garantéieren?
  4. Sinn zousätzlech Moossname virgesinn, fir méi Transparenz a Fairness bei de Rekrutéierungsprozeduren an de Gemengen ze garantéieren an all Form vu Begënschtegung auszeschléissen?
  5. Wéi bewäert d’Regierung den Impakt vun net genuch Sproochekenntnisser op d’Qualitéit vum Service vis-à-vis vun de Bierger, besonnesch am Beräich vun Déngschter am direkte Kontakt mat Kanner?

Deel dëse Post: