Drogeproblematik, och zu Esch ee Sujet

Droge brénge vill Problemer mat sech, Vandalismus, Knascht, Kriminalitéit fir nëmmen déi ze nennen. An dann och nach déi geféierlech sanitär Risiken, esouguer fir eis Kanner

Vir do méi gewuer ze gi stellt den honorabelen Deputéierten Tom Weidig der Regierung déi follgend parlamentaresch Fro. 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister, d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Artikelen aus dem Wort vum 16. Mäerz mam Titel „Siebenjähriger wird nach Nadelstich mit Anti-HIV-Mittel behandelt“, an aus dem Tageblatt vum 17. Mäerz mam Titel „Et huet een de Latz“ weisen, datt och an der Minettsmetropol Esch d’Bierger ëmmer méi ënnert der wuessender Drogeproblematik leiden:

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Kann d’Regierung preziséieren, wat fir Gemengen am Land – a wat fir Quartieren an deene Gemengen – eng aktiv Drogenzeen hunn an ënnert der Drogeproblematik leiden. Huet sech dëse Profil an de lëschte fënnef Joer geännert?
  2. Ass d’Beschafungskriminalitéit e méi generelle Problem vum ganze Land oder korreléiert si staark mat der Reduzéierung vun der Liewensqualitéit duerch déi negativ Aspekter vum Drogekonsum an der Ëffentlechkeet, wéi Aggressiounen, Vandalismus, ëffentlecht Urinéieren, Randaléieren, Knascht a benotzte Sprëtzen.
  3. Ginn et Ënnerscheeder tëschent de Gemengen, wéi si mat der Drogeproblematik ëmginn oder sinn hir Aktiounen an den Zougang zu Ressourcen duerch en nationalen Aktiounsplang gläich?
  4. D’Drogeproblematik bréngt sanitär Gefore mat sech, wéi de Fall an der Dellhéicht-Schoul zu Esch gewisen huet, wou e klengt Kand sech mat enger Piqûre verletzt hat. Wat kéint d’Regierung maachen, fir Kanner virun esou Situatiounen ze schützen? Ass et strofbar, fir eng Sprëtz net ze entsuergen? Kann een dofir wéinst Kierperverletzung ugeklot ginn?
  5. Gi vun enger drogéierter Persoun och aner sanitär Geforen aus? Zum Beispill duerch d’Upake vun de selwechte Surfacen, wéi eng Dier oder d’Staang am Tram?

 

Mat déiwem Respekt,

Tom Weidig
Deputéierten

Deel dëse Post: