Drogentourismus zu Lëtzebuerg

Net deen Tourismus de Lëtzebuerg brauch. Eng Gefor fir d’Land, d’Stad a Liewensqualitéit vun alle Residenten

Vir do méi gewuer ze gi stellt den honorabelen Deputéierten Tom Weidig der Regierung déi follgend parlamentaresch Fro. 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.

Am Zesummenhang mat der Stater Drogeproblematik, besonnesch am Garer Quartier, gëtt dacks op de Phenomeen vum sougenannten „Drogentourismus“ higewisen, dat heescht Persounen aus dem Ausland komme geziilt an d’Stad, fir Drogen ze kafen, ze konsuméieren oder ze dealen. E groussen Deel vun dëse Persounen hätt, no Aussoe vu kommunale Politiker, keen direkte Bezuch zu Lëtzebuerg.

An deem Kontext stellen sech eng Rei Froen:

  1. Verfüügt d’Regierung iwwer Statistiken oder Analysen iwwert d’Profil vun de Benotzer vun Drogesozialstrukturen (z.B. Abrigado), besonnesch wat Nationalitéit, Gebuertsland, Residenzstatus, an e fréiere Bezuch zu Lëtzebuerg ugeet?
  2. Deelt d’Regierung d‘Aussoe vu kommunale Politiker aus der Stad, datt de gréissten Deel keen direkte Bezuch zu Lëtzebuerg huet? Op wéi engen Donnéeë stäipt si sech?
  3. Wéi huet sech dëse Phenomeen an de leschte fënnef Joren entwéckelt?
  4. Wat ass den Undeel vun den Täter am Beräich vun der Drogekriminalitéit, déi kee Residenzstatus zu Lëtzebuerg hunn?
  5. Wéi eng Mesurë gi geholl, fir geziilt géint grenziwwerschreidend Drogekriminalitéit a géint méiglechen Drogentourismus virzegoen? Wéi funktionéiert d’Kooperatioun mat den Nopeschlänner an dësem Beräich?

Mat déiwem Respekt,

Tom Weidig
Deputéierten

Deel dëse Post: