Ëmmer méi Onhéiflechkeeten, Aggressiounen a Strofdoten am ëffentleche Raum. Wéi steet et em eis Zich, Busser an Tram?
Vir do méi gewuer ze gi stellt den honorabelen Deputéierten Tom Weidig der Regierung déi follgend parlamentaresch Fro.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit, un d’Madame Justizministesch an un den Här Inneminister weiderzeleeden.
D’Bierger an d’Personal gëtt ëmmer méi mat Onhéiflechkeeten, Aggressiounen a Strofdoten an eisen Zich, Busser an am Tram konfrontéiert. D’CFL huet duerfir e Sécherheets- an Aktiounsplang ausgeschafft.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen:
- Zanter wéini ass de Sécherheets- an Aktiounsplang vun der CFL am Asaz? Wéi laang sollen déi nei Mesuren aktiv sinn?
- Wat sinn déi Haaptmesuren? Wéi vill Personal gëtt heifir zur Verfügung gestallt? Wat sinn déi Extrakäschten?
- Huet d’CFL scho Verbesserunge festgestallt? Wa jo, a wat fir engem Beräich? Kann een dat mat engem Réckgang vu Virfäll beleeën? Kéinte mir heifir, d’Statistiken iwwer déi lescht 5 Joer kréien?
- Wéi gesäit et mam Täterprofil aus, par rapport zur Nationalitéit an zum Residenzstatus? Eises Wëssens, sinn d’Informatiounen, fir dës Statistik ze maachen an der App JU-CHA, déi vu Police a Justiz benotzt gëtt. Kann de Minister konfirméieren datt dat de Fall ass?
- Wéi gesäit et mat der Koordinatioun tëschent CFL-Personal, private Sécherheetsdéngschter an der Police um Terrain aus?
- Ass et virgesinn dëse Plang am ganzen ëffentlechen Transport, zumools bei de Busser (AVL, RGTR an TICE), unzewenden?
Mat déiwem Respekt,
Tom Weidig
Deputéierten