De Bildungsniveau an eise Schoulen héichhalen, heescht och, déi klassesch, sougenannt “dout” Sprooch vun den ale Réimer am Enseignement secondaire classique fërderen. Dozou huet de Fred Keup e puer Froen un de Schoulminister.
Fro:
Déi laténgesch Sprooch an déi domat verbonne klassesch Kultur spillen eng wichteg Roll fir d’Verständnis vun der europäescher Geschicht, Philosophie a Sproochentwécklung. Obwuel Latäin weiderhin am Enseignement secondaire classique verankert ass, gëtt an der ëffentlecher Debatt reegelméisseg d’Fro opgeworf, ob d’Bedeitung vun dësem Fach am Verglach mat anere Formatiounsberäicher ofhëlt, och wann eenzel Lycéeën de Latäin-Unterrecht aktiv promouvéieren.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Wéi bewäert den Här Minister d’Entwécklung vun der Roll vum Latäin am Lëtzebuerger Schoulsystem an de leschte Joren? Op Basis vu wéi enge pedagogeschen oder statisteschen Indicateure kënnt den Här Minister zu dëser Bewäertung?
- Wéi vill Schüler besichen aktuell zu Lëtzebuerg de Latäin-Unterrecht, a wéi vill Vollzäit- respektiv Deelzäit-Léierpersoune ginn an dësem Fach aktuell an de Lycéeë beschäftegt?
- Kann den Här Minister déi entspriechend Zuelen no Schouljoer fir déi lescht zéng Joer opstellen?
- Wéi vill Klassen am Enseignement secondaire classique konnten an de leschten zéng Joer net opgemaach oder net weidergefouert ginn, well net genuch Aschreiwunge fir de Latäin-Cours virlouchen?
- Wéi eng konkret Moossname sinn aktuell virgesinn, fir de Latäin-Unterrecht an den Interessi fir klassesch Sproochen a Kultur an de Lycéeën ze stäerken?