Engpass bei der Bauschuttentsuergung:

Lëtzebuerg steet virun enger wuessender Erausfuerderung bei der Entsuergung vun Äerdaushub a Bauschutt. Mat aktuell nëmmen nach véier verfügbare Standuerter am ganze Land verschäerft sech d’Situatioun zusehends. Déi domat verbonne laang Transportweeër belaaschten net nëmmen d’Logistik, mee duerch zouhuelende Verkéier a Kaméidi och d’Liewensqualitéit vun de Bewunner laanscht de betraffene Verkéiersachsen.

Schonn am Joer 2016 hat den Ëmweltministère virausgesot, datt déi bestoend Kapazitéiten bis 2026 kéinten ausgeschëpft sinn. Virun deem Hannergrond hei e puer pertinent Froe vun eisem Norddeputéierte Michel Lemaire:

      • Här President,

        esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister weiderzeleeden.

        Laut mengen Informatiounen, gëtt et zu Lëtzebuerg aktuell just nach véier Standuerter, op deenen d’Entsuergung vu guddem Buedem a Bauschutt méiglech ass. Dës geréng Unzuel u verfügbaren Deponië verschlechert duerch déi onvermeidbar laang Transportweeër d’Liewensqualitéit vun de Bierger (Kaméidi a Verkéier) op de betraffenen Achsen.

        Schonn am Joer 2016 ass den Ëmweltministère dovun ausgaangen, datt d’Kapazitéite vun dësen Deponien am Laf vum Joer 2026 erschëpft kéinte sinn. Deemools gouf ugekënnegt, datt no zousätzleche Flächen a Léisunge gesicht géif.

        An dësem Kontext hätt ech follgend Froen un den Här Minister:

        1. Wat ass den aktuelle Stand vun der verbleiwender Lagerkapazitéit op den eenzelnen aktiven Deponien am Land (opgeschlësselt nom Standuert an no der Aart vum Offall)?
        2. Wéi vill Tonne Buedem a Bauschutt goufen an de leschte Joren an d’Ausland exportéiert a wat sinn déi primär Grënn fir dës Exporter?
        3. Wat ass de konkrete Fortschrëtt bei der Identifizéierung an der Geneemegung vun zousätzlechen Deponien am Land a mat wéi enge Kapazitéite gëtt hei gerechent?
        4. Gëtt et Pläng oder Moossname vum Ministère, fir de Recycling vu Bauschutt an d’Neesverwende vu Buedem weider ze fërderen, fir d’Nofro no neien Deponieflächen ze reduzéieren?

        Mat déiwem Respekt,

        Michel Lemaire

        Deputéierten

Deel dëse Post: