Et schéngt wéi eng ausgemaachte Saach. D’Zuel vun de Stäck vun engem Haus entscheeden, wéi eng Sécherheetsvirschrëfte gëllen. Ma d’Gambia-Regierung huet et awer fäerdeg bruecht, net ze preziséieren, ob Kelleren a virun allem Späicheren dozou matgezielt ginn, oder am klassesche Verständnis vum Wuert, Stäck op deenen d’Leit wunnen. De Minister Claude Meisch huet et als Deel vun der CSV-DP-Regierung bis ewell och net fir néideg fonnt, hei fir méi Kloerheet ze suergen. Elo intervenéiert den ADR-Deputéierte Fred Keup:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Logementsminister weiderzeleeden.
Dat groussherzoglecht Reglement vum 20. Dezember 2019 iwwert d’Mindeststandarde vun der Hygiène an der Sécherheet bäi Mietwunnenge gesäit am Bezuch op de Brandschutz am Artikel 8 (3) ënner anerem dat hei vir: “Pour tout immeuble dont la surface des chambres et locaux collectifs dépasse 300 m², qui a plus de trois niveaux ou qui est composé de plus de huit chambres, l’accès à la cage d’escalier se fait par des cloisons coupe-feu pendant 60 minutes et des portes coupe-feu pendant 30 minutes et par des cloisons et portes coupe-fumée. Dans un tel immeuble, les escaliers de secours sont désenfumés”.
D’Definitioun vun Niveaue suergt awer deelweis fir Duerchernee bäi de Bierger, well aus dem Text net kloer ervirgeet, ob et sech ëm sämtlech Stäck (Niveauen), also och Keller a Späicheren oder just tatsächlech exploitéiert Wunnfläch handelt.
An deem Zesummenhang géif ech dem Här Logementsminister gär dës Froe stellen:
- Wéi gëtt den “Niveau” an dësem Fall definéiert? Handelt et sech just ëm déi Stäck, déi effektiv als Wunnfläch genotzt ginn oder zielt dozou d’Gesamtzuel vun den Uewerflächen an engem Gebai?
- Wéi gëtt dës Reegelung am Fall vun Demandë fir entspriechend Gebaier an d’Locatioun ze ginn, respektiv zu deem Zweck ëmzebauen, ausgeluecht? Wéi vill där Demandë goufe säit dem Bestoe vum Reglement gestallt? Wéi vill goufen der am Bezuch op dee genannte Passage geneemegt, respektiv ofgeleent?
- Gesäit den Här Minister vir, den Text vun deem genannte groussherzogleche Reglement un där Plaz zäitno ze preziséieren? Falls net firwat net?