Konsumenteschutz

E Gesetz, dat um Pabeier gutt kléngt, bréngt näischt, wann et net kontrolléiert gëtt: Konsumenteschutz ass nëmmen dann effikass, wann d’Autoritéiten déi néideg Mëttel a Kompetenzen hunn, fir d’Reegele konsequent a proportionéiert ëmzesetzen an ze kontrolléieren. Déi juristesch Ëmsetzung muss fir Betriber a Konsumente praktesch, verständlech an onbürokratesch gestalt sinn, fir e Formulairë-Labyrinth ze vermeiden. D’ADR dréit dëse Projet mat, well en d’Rechter vum Konsument stäerkt an et keng national Iwwerreglementéierung ass. Mir ënnerstëtzen Transparenz. Mir ënnerstëtzen Éierlechkeet am Handel. A mir ënnerstëtzen e Marché, wou net déi beschte Marketing-Illusioun gewënnt, mee déi bescht, éierlechst an nohaltegst Offer.

Kuckt a lauschtert hei déi ganz Ried vun der Ostdeputéierter Alexandra Schoos:

Deel dëse Post: