D’Deputéierter Tom Weidig, Alexandra Schoos an Dan Hardy wëlle vun der Héichschoulministesch wëssen, wat d’Regierung fir schwanger Studentinnen a fir Studente mat Kanner mécht bzw. ze maache gedenkt.
Fro:
D’Kompatibilitéit vun Héichschoulstudium, Schwangerschaft an Eltereschaft stellt fir vill Studentinnen a studéierend Eltere weiderhin eng grouss Erausfuerderung duer. Studienënnerbriechungen, Retarden am Studieverlaf oder souguer Studienofbréch opgrond vu Schwangerschaft oder Kannerbetreiung kënnen negativ a laangfristeg Auswierkungen op déi berufflech Perspektive vun de concernéierte Persounen hunn.
Verschidden europäesch Länner hu schonns geziilt Moossnamen agefouert, notamment flexibel Studiemodeller, adaptéiert Prüfungsmodalitéiten, Kannerbetreiungsofferen oder spezifesch Ënnerstëtzungsstrukture fir schwanger Studentinnen a studéierend Elteren. Och zu Lëtzebuerg gewënnt dëse Sujet progressiv u Bedeitung.
An deem Kontext géife mir der Madamm Minister gäre follgend Froe stellen:
- Verfüügt den Héichschoul- a Fuerschungsministère iwwer konkret an detailléiert Donnéeën zur Situatioun vu schwangere Studentinnen a studéierenden Elteren zu Lëtzebuerg, besonnesch am Hibléck op Studienënnerbriechungen, Studienofbréch, Retarden am Studieverlaf oder Studienerfolleg?
- Wéi eng konkret Ënnerstëtzungsmoossname bestinn aktuell op der Universitéit Lëtzebuerg an an aneren tertiäre Bildungsariichtunge fir schwanger Studentinnen a studéierend Elteren (z.B. flexibel Studiemodeller, individuell Begleedung oder Kannerbetreiungsofferen)?
- Plangt d’Regierung zousätzlech Moossnamen, fir d’Kompatibilitéit vun Héichschoulstudium, Schwangerschaft an Eltereschaft weider ze verbesseren, notamment duerch den Ausbau vu Kannerbetreiungsofferen, méi flexibel Studiemodalitéiten oder spezifesch Ënnerstëtzungsprogrammer?