Eis Grondschoule leide massiv ënner enger vun der Politik veruerdenter „Reformitis“ an „Reunitis“. Amplaz d’Léierpersonal bei de wuessenden Erausfuerderunge wéi Diversitéit, Sproochbarriären a soziale Problemer wierksam ze ënnerstëtzen, belaascht de Ministère d’Schoule mat ëmmer méi Bürokratie a Gremienaarbecht.
A senger aktueller Ried weist de Süddeputéierte Fred Keup däitlech op d’Grondproblemer hin a kritiséiert ënner anerem déi iwwerstierzt Aféierung vun der franséischer Alphabetiséierung, déi ouni genügend Evaluatioun de Schoulalldag nach weider komplizéiert. Hie fuerdert eng Ofkéier vun theoretesche Büro-Konzepter an eng Ëmkéier zum Vertrauen an der Kompetenz vum Léierpersonal op der Plaz.