Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister weiderzeleeden.
A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nr. 3692 huet sech den Här Familljeminister zu engem Hygiène-Kontrollsystem an de Flüchtlingsstrukturen zu Lëtzebuerg geäussert, dat awer ouni spezifesch Detailer iwwert déi identifizéiert Problemer ze ginn.
An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Wéi eng spezifesch Onreegelméissegkeeten, Mängel oder Verstéiss goufe bei den Inspektioune vun esou Strukturen zu Lëtzebuerg festgestallt?
- Firwat huet de Ministère keng präzis Informatiounen zu de Problemer ginn, déi an de Strukture festgestallt goufen?
- Ginn déi betreffend Informatiounen eventuell zu engem spéideren Zäitpunkt publizéiert?
Mat déiwem Respekt,