Kräizung Schumman’s Eck zu Woltz

D’Siicht op der Kräizung Schummann’s Eck zu Wolz ass deelweis net ideal. Gesäit d’Regierung fir de Verkéiersfloss hei ze verbesseren? Eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Michel Lemaire:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Mir gouf zougedroen, datt vill Automobilisten d’Kräizung um Schumann’s Eck an der Gemeng Wolz als geféierlech empfannen. Wann een – vum Pommerlach kommend (N 15)  – d’Ausfaart Richtung Wolz hëlt, géif et op der Kräizung, fir lénks  op d’N26 Richtung Wolz ofzebéien, ëmmer nees zu geféierleche Situatioune kommen.

Dee selwechten Zenario ergëtt sech, wann een – vu Bitscht kommend (N 15) – d’Ausfaart hëlt. Och hei géif et op der Kräizung, fir lénks  op der N26 Richtung Béiwen ofzebéien, ëmmer nees zu geféierleche Situatioune kommen.

Dës 2 Situatiounen erginn sech dorausser, datt d’Siicht hei limitéiert ass.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  1. Ass et an de leschten 10 Joer op där genannter Kräizung statistesch opfälleg dacks zu Accidenter komm? Wéi enger Natur waren dës Accidenter, d.h.  wéi dacks ass et just beim Materialschued bliwwen a wéi dacks goufe Persoune blesséiert?
  2. Misst déi genannte Kräizung an den Ae vun der Madamm Minister entschäerft ginn? Wa jo, wéi géifen dës Mesüre konkret ausgesinn a bis wéini ass mat der Ëmsetzung dovun ze rechnen?

 

Deel dëse Post: