Pressematdeelung vun der ADR-Fraktioun

 

Politeschen Owend mat der Ex-Ministesch Kristina Schröder

zur Renaissance vun der Kernenergie an Europa

Pressematdeelung vum 23. Abrëll 2026

D’ADR-Fraktioun freet sech Iech matzedeelen, datt d’Madamm Dr. Kristina Schröder vun der Denkfabrik Republik21 für bürgerliche Politik e Virtrag zur Kernenergie hält.

Si war Ministesch am Kabinett Merkel zu genau där Zäit, wou Däitschland den endgültegen Atomausstig entscheet huet. Eng Decisioun, déi si lo als “strategischen Fehler” ugesäit.

D’Madamm Schröder wäert iwwer dës Entscheedung schwätzen an erklären, firwat si mengt, datt Däitschland an Europa Kernenergie brauchen.

No hirem Virtrag kënnt et zu enger Diskussiounsronn mam fréiere Rektor vun der Uni Lëtzebuerg, dem Prof. Rolf Tarrach, an dem “Atom-Andi”, dem Diplomchemiker Andreas Fichtner.

D’Diskussiounsronn gëtt vum ADR-Deputéierten Dr. Tom Weidig moderéiert.

D’ADR freet sech besonnesch, datt si all zougesot hunn, an och, datt si aus verschiddene politesche Stréimunge kommen, esou datt mir parteiiwwergräifend a sachlech iwwer e wichtegt Thema diskutéiere kënnen.

D’ADR ass fir eng rational Energiepolitik a seet, datt all Energiequell Vir- an Nodeeler huet. Eng pauschal, ideologesch baséiert Ofleenung vun der Kernenergie ass net rational a kann am Fall vun Däitschland zu wirtschaftleche Problemer féieren. D’ADR setzt sech awer och kloer fir streng Sécherheetsmoossname fir Atomzentralen an.

De politeschen Owend ass am Cité Auditorium den 12. Mee um 19:00 Auer.

Interviewufroe sinn un adr@chd.lu ze riichten.

Matgedeelt vun der ADR Fraktioun

Deel dëse Post: