Luxexpo a Kierchbierg – d’ganz Joer iwwer Fräiloftausstellung zum Stau

D’Opfaart vun den Autobunnen A1 an A7 ass d’office e Fläschenhals, dee besonnesch d’Pendler aus dem Osten an dem Norden betrëfft. Dat grad, wann si mam Bus schaffe fueren, well dee kengerlee Méiglechkeet huet, de Stau ze ëmfueren. Ma besonnesch schlëmm gëtt et dann, wa grouss Eventer op der Luxexpo stattfannen, well dann net nëmmen nach méi Verkéier entsteet, mee d’Entrée vun der Luxexpo sech zu engem Fläschenhals am Fläschenhals entwéckelt. De Verkéier staut da groussraimeg zeréck. Gestrooft sinn alt nees eng Kéier d’Bierger aus de ländleche Bezierker. Firwat gëtt d’Entrée zum Parking vun der Luxexpo net erweidert oder ergänzt? Eng parlamentaresch Fro vum Michel Lemaire:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Vum 19. bis den 22. Abrëll fënnt op der Luxexpo d’Schoulfoire 2026 statt. Esou wéi och aner grouss Eventer an der Luxexpo ass dëst fir Leit, déi aus dem Norden an dem Osten vum Land schaffe kommen, mat zousätzlecher Faartzäit op d’Aarbecht verbonnen.

Vu, datt de Parking vun der Luxexpo nëmmen iwwert eng Entrée verfüügt, kräizen déi interesséiert Visiteuren sech alleguer mam Busverkéier vun der grousser Gare um Kierchbierg an zousätzlech mam Tram, fir iwwerhaapt dohin ofzebéien. Zousätzlech kënnt et bäi deenen zwou eenzege Barrièrë vum Parking dacks zu engem Réckstau, deen sech natierlech och negativ op d’Bussen auswierkt. Insgesamt wierkt den Effekt vum kombinéierte Fläschenhals (Luxexpo an Zoufaart op de Kierchbierg allgemeng) sech souwuel op den Abschnitt vun der A7 vum Tunnel Stafelter Richtung Stad, wéi op de Verkéier vun der A1 op de Kierchbierg, wéi och op d’Opfaart vun der N11 vum Waldhaff op d’A7 aus. Dat bréngt massiv Verzögerunge fir all Bedeelegte mat sech, souwuel fir d’Leit déi schaffe ginn, wéi och d’Besicher vun den entspriechende Veranstaltungen op der Luxexpo selwer. Déi Leit, déi mat deem engen oder aneren Zil op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen, si besonnesch betraff, well d’Bussen zwéngend déi selwecht Streck musse fueren.

Méindes, den 20. Abrëll gouf de Stau awer nach duerch en zousätzlech Ëmstand verstäerkt. Moies zu der Zäit vum Beruffsverkéier war op der Kräizung fir bäi d’Luxexpo hannert dem Tram eng Spuer gespaart, well grad zu deem Ablack d’Markéierungen op der Strooss erneiert goufen.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Gesäit d’Madamm Minister fir, déi bestoend Entrée op de Parking vun der Luxexpo an Zukunft ze erweideren oder eng zweet Entrée aus enger anerer Richtung bäizebauen, fir de Verkéier zukünfteg op méi ënnerschiddlech Achsen ze verdeelen?
  • Wéi war déi Decisioun begrënnt, ausgerechent zu deem Dag zu där Auerzäit op där Plaz d’Markéierungen ze erneieren? Wéi een Zerwiss war duerfir zoustänneg a wéi goufen déi Aarbechten tëschent den eenzelen Administratioune koordinéiert?

 

Deel dëse Post: