Bleiwen d’Fliggere geschwënn um Buedem?

Den 20. Mäerz deelt d’Regierung op RTL mat, datt Lëtzebuerg trotz dem Iran-Krich aktuell iwwer genuch Kerosin-Reserve verfüügt. Ma e puer Deeg méi spéit geet eng Nott un all d’Pilote raus an där si opgefuerdert ginn, sou vill wéi méiglech am Ausland ze tanken, well d’Reserven zu Lëtzebuerg “begrenzt” sinn. Ass geschwë mat Aschränkungen am Fluchverkéier ze rechnen an ass d’Versuergung mat Gidder vum alldeegleche Gebrauch weiderhi garantéiert? Eng dréngend parlamentaresch Fro vum Michel Lemaire:

Här President,

esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

E Freideg den 20. Mäerz war bäi RTL ze liesen, datt Lëtzebuerg nach keen Enkpass beim Kerosin hätt. Mëttlerweil huet d’DAC awer en NOTAM u sämtlech Lëtzebuerger Piloten erausginn, wou si opgefuerdert ginn, sou vill wéi méiglech am Ausland ze tanken, well d’Reserve vum Kerosin (Aviation fuel A1) zu Lëtzebuerg begrenzt wieren. Lëtzebuerg ass awer net nëmme fir den Tourismus, mee och fir d’Versuergung vun der Bevëlkerung op d’Loftfaart ugewisen.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës dréngend Froe stellen:

  • Iwwer wéi vill Lagerkapazitéit fir Kerosin verfüügt Lëtzebuerg um nationalen Terrain?
  • Wéi vill Kerosin steet aktuell nach um nationalen Terrain zur Verfügung?
  • Vu wéi enge Fournisseuren an aus wéi enge Länner gëtt Lëtzebuerg mat Kerosin beliwwert?
  • Wéi eng Liwwerunge sinn eise Kontrakter no an deenen nächste sechs Méint virgesinn? Gëtt et eng Kommunikatioun vun de Fournisseuren ob déi och kënnen agehale ginn?
  • Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, wéi eng Gidder vum alldeegleche Bedarf (Hygiènesproduiten, Liewensmëttel, Medikamenter asw.) duerchschnëttlech a wéi enger Quantitéit mam Fliger op Lëtzebuerg geliwwert ginn?
  • Gëtt et Noutfallpläng, wéi eng Beräicher vun der Loftfaart am Fall vun engem Manktem (u Kerosin) prioritär versuergt ginn? Falls jo, wéi eng? Falls net, firwat net?
  • Goufen auslännesch Fluchgesellschafte schonn informéiert, datt si zu Lëtzebuerg an den nächste Méint méiglecherweis nëmmen nach begrenzt tanke kënnen?

 

Deel dëse Post: