Wéi vill kaschten eis d’ONGen?

Déi sougenannt Netregierungsorganisatiounen (ONGen) huelen den “Net” an hirem Numm ëmmer spéitstens dann net méi sou eescht, wann et drëms geet ëffentlech Suen oder materiell Leeschtungen ofzegräifen. Wéi vill kaschten dës Netregierungsorganisatiounen d’Lëtzebuerger Steierzueler mëttlerweil? Genee déi Fro hat de Fred Keup dem Här Finanzminister Gilles Roth de 5. Februar offiziell gestallt. Deen huet dozou, aus wat fir Ursaachen och ëmmer, allerdéngs keng Zuelen an huet op seng eenzel Regierungskolleege verwisen. Eng Frechheet vis-à-vis vum Deputéierten, vun der ganzer Chamber a virun allem och all de Bierger hei am Land, déi sech all Dag dru ginn, fir schaffen ze goen, d’Regierung mat hire Steieren um Lafen halen an duerch d’Parlament demokratesch vertruede ginn. D’ADR léisst dem Här Roth dat selbstverständlech net duerchgoen an huet d’Fro nach eng Kéier gestallt:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Staatsminister, den Aarbechtsminister, den Ausseminister, d’Ministesch fir Digitaliséierung, de Minister fir den ëffentlechen Déngscht, den Ekonomieminister, den Ëmweltminister, de Familljeminister, de Finanzminister, d’Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, d’Gläichstellungsministesch, d’Héichschoulministesch, den Inneminister, d’Justizministesch, d’Konsumenteschutzministesch, de Kooperatiounsminister, de Kulturminister, d’Landwirtschaftsministesch, de Logementsminister, de Schoulminister, d’Sportministesch, d’Verdeedegungsministesch an d’Verkéiersministesch weiderzeleeden.

De Staat finanzéiert iwwert déi verschidde Ministèren eng Rei vun ONGen, respektiv ënnerstëtzt se mat Sachleeschtungen, wéi d’Bereetstellung vu Raimlechkeeten oder anerem.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Fro stellen:

  • Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert wéi eng ONGen am Budgetsjoer 2025, finanziell oder ënner Form vun enger Sachleeschtung Ënnerstëtzung vum Staat kruten, ëm wéi ee Montant oder ewéi eng Form vu Sachleeschtung et sech dobäi jeeweils gehandelt huet, wéi vill dat am zweete Fall all Kéiers kascht huet an de jeeweilege Ministère oder aner ëffentlech Institutioun, iwwert déi déi eenzel Zouwennunge gefloss sinn, preziséieren?

 

Deel dëse Post: