100. Jubiläum vun der ALJP – sinn Ännerunge virgesinn?

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Delegéiert Madamm Minister fir Medien a Connectivitéit weiderzeleeden.

D’Lëtzebuerger Journalistenassociatioun  (ALJP), déi d’lescht Joer hiren 100. Gebuertsdag gefeiert huet, setzt sech säit Joerzéngten dofir an, datt d’Journalisten en optimalen Zougang zu Informatioune kréien. Hiren Aussoen no ginn et awer bis haut Schwieregkeete beim Zougang zu administrativen Dokumenter, wéi och e Manktem un Transparenz bei juristesche Prozeduren a bei bestëmmten ëffentleche Finanzéierungsmechanismen.

Dofir ass et essenziell, objektiv ze evaluéieren, ob déi aktuell Regierungspolitik den Ufuerderunge vun engem fräien an onofhängege Journalismus voll a ganz entsprécht.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Kann d’Regierung eng objektiv Bewäertung vum Bäitrag vun der ALJP zur Pressefräiheet zu Lëtzebuerg ofginn?
  2. Erkennt d’Regierung un, datt trotz hirer 100-järeger Geschicht nach ëmmer fundamental Problemer bestinn, besonnesch wat den Zougang zu Informatiounen an de Schutz virun SLAPP-Prozesser (Strategic Lawsuit Against Public Participation) ugeet?
  3. Wéi eng spezifesch Moossname gedenkt d’Regierung an deem Kontext ze ergräifen?

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: