Bei der Dagesklinik fir Jugendpsychiatrie zu Wolz, déi viru Kuerzem ageweit gouf, ass op den éischte Bléck näischt ze beanstanden. D’Alexandra Schoos an de Michel Lemaire hunn trotzdeem e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
D’Erëffnung vun der neier Dagesklinik fir Jugendpsychiatrie (Hôpital de jour) zu Wolz ass ze begréissen, well si d’psychesch Versuergung vu jonke Mënschen am Norde vum Land verbessere kann. Allerdéngs werfen d’Biller vun der Aweiung, déi op RTL publizéiert goufen, Froen am Hibléck op d’Barrierefräiheet op. Et handelt sech ëm en eelert, renovéiert Gebai, bei deem op de Biller weder e Rollstullzougang vu baussen ze erkennen ass, nach Hiweiser op e Lift ze gesi sinn. Dës Elementer sinn am Kader vun de geltende gesetzleche Bestëmmungen zur Accessibilitéit normalerweis fir Infrastrukture vun dëser Zort virgesinn.
Virun dësem Hannergrond hu mir follgend Froen un d’Regierung:
- Entsprécht dat renovéiert Gebai zu Wolz, dat fir d’Jugendpsychiatrie genotzt gëtt, de Bestëmmunge vum lëtzebuergesche Recht iwwert d’Barrierefräiheet, besonnesch der “Loi du 7 janvier 2022 relative à l’accessibilité”?
- Wéi eng administrativ oder juristesch Konsequenze kéinten entstoen, wann d’Gebai nom Oflaf vun der gesetzlecher Frist net konform mat de Reegelen zur Accessibilitéit wier, besonnesch am Hibléck op de weidere Betrib vun der Ariichtung an d’Versuergung vu jonke Patientinnen a Patienten am Norde vum Land?
- Mussen a psychiatreschen Ariichtunge spezifesch bautechnesch Moossname virgesi ginn, fir de Schutz vun de Patientinnen a Patiente souwéi vum medezineschen a Fleegepersonal ze garantéieren?
- Goufen dës spezifesch Ufuerderunge bei der Renovatioun vun der Infrastruktur zu Wolz berécksiichtegt?
Zousätzlech stelle sech och nach follgend Froen am Hibléck op déi konkret therapeutesch Organisatioun vun der Dagesstruktur zu Wolz:
- Ass d’Dagesstruktur zu Wolz als therapeutesch Struktur konzipéiert? No wéi engem therapeutesche Konzept ginn Therapiestonnen ugebueden?
- Wéi eng Zilgruppe ginn ugeschwat (Jugendlecher mat den Elteren an hir Peergroup)?
- Wéi vill Kanner- a Jugendpsychiater ginn do am Alldag effektiv agesat, fir Consultatiounen, Evaluatiounen an therapeutesch Suivien ofzehalen?
- Ass d’Personal, dat dofir virgesinn ass, am Beräich vun der Psychoedukatioun an der Kanner- a Jugendpsychiatrie speziell ausgebilt, a wéi eng berufflech Qualifikatiounen oder Weiderbildunge ginn an deem Kontext verlaangt?
- Wéi héich ass de Personalschlëssel bannent dëser Dagesstruktur, besonnesch am Verhältnes tëscht der Zuel vum therapeuteschen a pedagogesche Personal an der Zuel vun de betreite Kanner a Jugendlechen?
- Wéi vill Jugendlecher oder Kanner kënne gläichzäiteg an der Struktur opgeholl a betreit ginn, a wéi gëtt dobäi garantéiert, datt eng individuell a qualitativ adequat Prise en charge méiglech ass?