De Fonds National de Solidarité (FNS) mécht reegelméisseg vun der Méiglechkeet Gebrauch, fir am Zesummenhang mat Ierfschaften a sougenannten „revenus à meilleure fortune“ Réckfuerderungen ze erhiewen. Dozou huet den Dan Hardy e puer Froen un de Familljeminister.
Fro:
De Fonds National de Solidarité (FNS) mécht reegelméisseg vun der Méiglechkeet Gebrauch, fir am Zesummenhang mat Ierfschaften a sougenannten „revenus à meilleure fortune“ Réckfuerderungen ze erhiewen. Dat betrëfft souwuel d’Ierwe selwer wéi och Persounen, deenen hir wirtschaftlech Situatioun sech weesentlech verbessert huet an déi an der Vergaangenheet vun de Leeschtunge vum FNS profitéiert hunn. An deem Kontext ginn déi Betraffe schrëftlech opgefuerdert, fir d‘Sue vun de Leeschtungen zeréckzebezuelen. Si ginn och vum FNS viru geriichtleche Schrëtt gewarnt am Fall wou se déi gefuerdert Suen net géifen zeréckbezuelen.
An deem Zesummenhang hunn ech follgend Froen un d’Regierung:
- Wéi vill Réckfuerderungsprozedure vum FNS sinn an deene leschte fënnef Joer geriichtlech traitéiert ginn?
- Wéi vill vun dëse Prozeduren hunn d’Ierwe vu fréiere Leeschtungsbezéier betraff?
- Wéi vill Réckfuerderunge gouf et op Grond vu sougenannten „revenus à meilleure fortune“?
- A wéi ville Fäll koum et zu engem geriichtlechen Urteel bzw. zu enger „Ordonnance de paiement“ oder „Zwangsvollstreckung“?
- A wéi ville Fäll ass et zu aussergeriichtlechen Eenegunge komm?