ALVA an der Impfstoff-Kris: Wat bedeit dat fir eis Landwirtschaft?

D’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA) huet haut de Moien eng Email un d’Veterinairë vum Land geschéckt, betreffend de Stock u Vaccine géint d’Blozongekrankheet (Serotyp 8) souwéi géint d’epizootesch hämorrhagesch Krankheet (EHK), deen aktuell opgebraucht ass.

D’Veterinairë goufen dozou opgeruff, sech sou gutt wéi méiglech op d’Impfunge virzebereeden, fir de Verloscht u Vaccindosissen esou niddreg wéi méiglech ze halen, well den Zäitpunkt vun der Liwwerung vun neien Dosen nach net bekannt ass.

An deem Kontext géif ech gären déi follgend Fro un d’Madamm Landwirtschaftsminister stellen:

  1. Wéi erkläert d’Madamm Minister d’Ursaache vun der aktueller Penurie, a besteet op Säit vun der Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA) kee festgeluechte Risikoschwellewäert am Beräich vun de Vaccinen, fir esou Situatiounen am Virfeld ze vermeiden?
  2. Wéi eng Richtlinne fir d’Delaie vun de Rappeller (laut Beschreiwung vum Vaccin 4 Wochen) ginn de Veterinairen an der aktueller Situatioun recommandéiert oder virgeschriwwen?
  3. Leien der Regierung präzis Donnéeë vir, déi et erlaben, d’Ausmooss vun der Problematik ze evaluéieren, notamment wat d’Zuel vun de betraffenen Déieren ugeet, opgeschlësselt no éischten Impfungen a Rappeller?
  4. Wéi eng Mesurë gedenkt d’Regierung ze huelen, falls déi virgeschriwwen Delaien net kënnen agehale ginn an Impfungen doduerch net kënne realiséiert ginn?
  5. Wéi ass d’Responsabilitéit gereegelt am Fall, wou Déieren net fristgerecht virun der “période estivale” kënne geimpft ginn an domat potenziell Schied entstinn?

Mat déiwem Respekt,

Alexandra Schoos

Deputéiert

 

Hei fannt Dir d’Äntwert vum Minister fir Landwirtschaft.

Deel dëse Post: