Lëtzebuergesch an der Arméi virum Aus?

Obwuel Lëtzebuergesch traditionell d’Ëmgangssprooch am Déngscht ass, gewënnt Franséisch ëmmer méi u Bedeitung. Gläichzäiteg geet schonn e minimale Sproochenniveau am Lëtzebuergeschen duer, fir an d’Arméi opgeholl ze ginn.

D’Konsequenz: Et kommen ëmmer méi Zweifel op, ob Lëtzebuergesch an der Praxis nach déi Roll spillt, déi et offiziell zougeschriwwe kritt. Gëtt Lëtzebuergesch also bewosst schläichend zeréckgedréckt – oder ënnerhëlt d’Regierung endlech déi néideg rechtlech Schrëtt, fir de Gebrauch vun eiser Sprooch an eiser Arméi ofzesécheren?

Mat enger parlamentarescher Fro stellen d’ADR-Deputéiert Tom Weidig a Fred Keup zentral Froen zur Zukunft vun der lëtzebuergescher Sprooch an der Arméi:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verdeedegungsminister weiderzeleeden.

Zënter der Grënnung vun der Lëtzebuerger Arméi ass Lëtzebuergesch déi Sprooch, déi am alldeeglechen Déngscht als allgemeng Ëmgangssprooch benotzt gëtt − souwuel am informelle wéi am formelle Kader − fir Zaldoten Erklärungen ze ginn, Befeeler ze vermëttelen an operationell oder organisatoresch Situatiounen ze diskutéieren. Dës Roll vum Lëtzebuergeschen huet iwwer Joerzéngten net nëmmen zur Funktionalitéit vun der Arméi, mee och zu hirem nationale Charakter an zum Zesummenhalt bannent der Trupp bäigedroen.

An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 2979 vum 2. Oktober 2025 féiert d’Madamm Minister aus, datt der Lëtzebuerger Sprooch an der Lëtzebuerger Arméi „dat meeschte Gewiicht“ zoukënnt, well et déi alldeeglech Ëmgangssprooch ass, wärend Franséisch haaptsächlech fir Korrespondenz, Uerder an en Deel vun de Formatioune benotzt gëtt. Gläichzäiteg geet aus där selwechter Äntwert ervir, datt fir Zaldoten am Kader vum Rekrutement a vun der Grondausbildung an alle Verwaltungssproochen − also och am Lëtzebuergeschen − nëmmen e minimale Sproochenniveau (A2) verlaangt gëtt.

Dës Kombinatioun aus niddrege formelle Sproochenniveauen, enger staarker funktioneller Dominanz vum Franséischen an dem feelenden explizitte rechtleche Schutz vum Lëtzebuergeschen als Ëmgangs- a Kommandosprooch wërft grondleeënd Froen op iwwer déi tatsächlech Roll an iwwer d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Lëtzebuerger Arméi.

Virun deem Hannergrond hu mir follgend Froen un d’Madamm Minister:

  • Gëtt et am Ministère Iwwerleeungen, fir Lëtzebuergesch als alldeeglech Ëmgangssprooch an der Arméi mëttel- oder laangfristeg erofzesetzen oder ofzeschafen an duerch eng aner Sprooch, z.B. Franséisch, als Kommunikatiounssprooch tëscht Offizéier, Ënneroffizéier an Zaldoten ze ersetzen?
  • Ass d’Regierung bereet, de Statut vum Lëtzebuergeschen als alldeeglech Ëmgangs- a Kommandosprooch an der Lëtzebuerger Arméi explizitt festzeschreiwen, fir och an Zukunft kloer a rechtssécher ze garantéieren, datt dës Roll net duerch eng aner Sprooch relativéiert oder ersat gëtt?
  • Lëtzebuerger Kandidaten – sou ass eis zu Ouere komm − stousse beim Rekrutement fir d’Arméi op Schwieregkeeten, well wesentlech Deeler vun der Selektiouns- a Rekrutementsprozedur op Franséisch ofgehale ginn. Kann d’Madamm Minister dëst bestätegen, a falls jo, wéi gedenkt d’Regierung sécherzestellen, datt lëtzebuergesch Kandidaten duerch déi staark Roll vum Franséischen net benodeelegt ginn?
  • Wéi rechtfäertegt d’Regierung, datt Lëtzebuergesch offiziell als „alldeeglech Ëmgangssprooch“ vun der Arméi bezeechent gëtt, wann zur selwechter Zäit fir einfach Zaldoten nëmmen de Sproochenniveau A2 verlaangt gëtt, dee weder eng sécher mëndlech Kommunikatioun nach d’Verstoe vu méi komplexe Befeeler garantéiert?

Mat déiwem Respekt,

Tom Weidig                                                                                                                     Fred Keup

Deputéierten                                                                                                                  Deputéierten

Deel dëse Post: