Dem Automobilist bleift zu Lëtzebuerg awer och näischt erspuert. Nodeems op der A7 schonn zwee Tunnellen deelweis gespaart goufen, kënnt et elo nach méi déck!
Den Norddeputéierte Michel Lemaire verlaangt an enger dréngender parlamentarescher Fro no Äntwerten:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
Nodeems op der A7 (“Nordstrooss”) schonns d’Spueren an zwee Tunnelle gespaart goufen an et dowéinst all Dag zu massivem Stau kënnt, gouf mam Datum vun haut annoncéiert, datt vum 23. Mäerz u bis Mëtt 2028 – also iwwert zwee Joer (!) – d’Iwwerhuelspuer tëscht Housen an dem Duerschterhaischen gespaart wäert ginn an d’Vitess op 70 Kilometer limitéiert gëtt.
Dëst wäert zu enger zousätzlecher Belaaschtung féieren an d’Automobilisten, déi all Dag op dës Streck ugewise sinn, haaptsächlech fir schaffen ze goen, verléieren elo zousätzlech zum bestoende Chantier nach méi Zäit.
An deem Zesummenhang hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Gouf am Verkéiersministère eng Analys duerchgefouert, wéi eng Konsequenzen déi uewe genannte Spärung op d’Automobiliste wäert hunn, besonnesch wat den zousätzlechen Zäitverloscht ugeet? Wa jo, mat wéi engem Zäitverloscht mussen d’Automobilisten elo rechnen, besonnesch Owes am Beruffstraffic?
- Firwat koum et net zu enger Koordinatioun, déi dozou gefouert hätt, datt déi zwee uewe genannte Chantieren net parallel zouenee bestinn?
- Huet d’Regierung iergendwelch Alternativen an d’A gefaasst, fir de massiven Zäitverloscht, mat deem d’Automobilisten, déi all Dag op d’Nordstrooss ugewise sinn, konfrontéiert sinn, ofzefiederen?
Mat déiwem Respekt,
Michel Lemaire
Deputéierten