Irankrich: Mam Ueleg…

Virum Hannergrond vun den neie Krisenherden an No- a Mëttelost schnellen op der ganzer Welt d’Präisser fir Produkter vun der Äerduelegraffinatioun an d’Héicht – och zu Lëtzebuerg. An dësem Kontext huet den Norddeputéierte Michel Lemaire eng Rei Froen un d’Regierung:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

De Krich am Noen a Mëttleren Osten an déi domat verbonnen Turbulenzen op den Energiemäert hunn zu enger markanter Hausse vun de Präisser fir Dünger gefouert. Dat stellt besonnesch fir landwirtschaftlech Betriber eng grouss finanziell Belaaschtung duer a wërft Froen op iwwer staatlech Ënnerstëtzung a méiglech Ausgläichsmechanismen.

An deem Zesummenhang hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Gesäit d’Regierung am Kontext vun de staark geklommenen Düngerpräisser kuerzfristeg finanziell Ënnerstëtzungsmoossname fir landwirtschaftlech Betriber vir, fir déi zousätzlech Belaaschtungen ofzefiederen?
  2. Wéi eng konkret Moossname respektiv Mechanismen, gedenkt d’Regierung mëttelfristeg ze ergräifen bzw. an d’Weeër ze leeden, fir d’Auswierkunge vu Präisschwankungen am Agrarsecteur ze begrenzen an déi betraffe Betriber eventuell ze entschiedegen?
  3. Besteet aus Siicht vun der Regierung eng rechtlech Méiglechkeet, d’Oplagen am Beräich vum Düngen (z. B. am Kader vun der Nitrat-Direktiv) provisoresch ze lockeren, an dobäi och d’Auswierkunge vun der staarker Ofhängegkeet vum Gaspräis op d’Produktioun vu mineraleschem Dünger ze berücksichtegen, fir de Betriber an der aktueller Krisesituatioun méi Flexibilitéit ze ginn?

Mat déiwem Respekt,

Michel Lemaire

Deputéierten

Deel dëse Post: