Wéi rezent Medieberichter gewisen hunn, ass et zu Kritik un der Erreechbarkeet vun der Noutrufnummer 113 komm, nodeems Bierger vu laange Waardezäite bei Noutfäll bericht hunn. D’Police huet dës Virwërf zwar relativéiert an erkläert, datt an deem konkrete Fall den Uruffer selwer e puer mol agehaangen hat, an datt den Uruff schliisslech no manner wéi enger Minutt ugeholl gouf. Gläichzäiteg huet si awer drop higewisen, datt et bei héijen Uruffzuelen effektiv zu Verzögerunge komme kann an datt d’Leit op kee Fall sollen anhänken, fir hir Plaz an der Waardeschlaang net ze verléieren.