A wéi engem Mooss ass den Zougang zu Dokumenter fir Journalisten ageschränkt?

Hei fannt Dir eng Parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Delegéiert Madamm Minister fir Medien a Connectivitéit weiderzeleeden.

D’Press hei zu Lëtzebuerg steet dacks virun administrativen Hindernisser, wann se beim Staatsapparat Zougang zu Informatioune freet. Déi rezent Aussoe vum neie President vum Presserot weisen, datt trotz dem bestoende gesetzleche Kader Schwieregkeeten an där Hisiicht bestinn. Dës Situatioun werft fundamental Froen iwwer d’Effizienz vun der journalistescher Aarbecht op.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Ass d’Regierung sech bewosst, datt den Zougang zu administrativen Dokumenter fir Journalisten nach ëmmer lues, komplizéiert oder arbiträr ass?
  2. Wéi eng spezifesch Moossname gi getraff, fir e schnellen an automateschen Zougang zu ëffentlechen Dokumenter ze garantéieren, ouni d’Gesetz restriktiv z’interpretéieren?
  3. Wéi vill Ufroen op Zougang zu Informatioune goufen an de leschte fënnef Joer refuséiert oder retardéiert, an aus wéi enge Grënn?
  4. Kënnen déi staatlech Autoritéite sanktionéiert ginn, am Fall wou se gesetzlech Fristen net respektéieren?

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: