Recouvrement vun der Lëtzebuerger Nationalitéit

Zu de Weeër, fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, gouf et bis zum 31. Dezember 2025 nieft der Abiergerung no Openthalt, der Optioun, asw. och eng Recouvrementsoptioun, no där Persoune mat engem direkte Virfar, dee Lëtzebuerger Staatsbierger zum 1. Januar 1900 war, ënner bestëmmte Conditiounen d’Lëtzebuerger Nationalitéit „recouvréieren“ konnten. Dozou huet d’Alexandra Schoos e puer aktuell Froen un d’Regierung.

Fro:

Zu de Weeër, fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, gouf et bis zum 31. Dezember 2025 nieft der Abiergerung no Openthalt, der Optioun, asw. och eng Recouvrementsoptioun, no där Persoune mat engem direkte Virfar, dee Lëtzebuerger Staatsbierger zum 1. Januar 1900 war, ënner bestëmmte Conditiounen d’Lëtzebuerger Nationalitéit „recouvréieren“ konnten. Dës speziell Méiglechkeet, fir Lëtzebuerger ze ginn, gehéiert mam Oflaf vum 31. Dezember 2025 der Vergaangenheet un: Unträg musse bis zu deem Datum bei der Verwaltung agereecht gi sinn. Dës spezifesch Recouvrementsreegelung iwwer Ofstamung war u keng Mindestwunnsëtz- oder Sproocheviraussetzung gekoppelt.

Offiziell Donnéeë vun der Lëtzebuerger Regierung weisen:

  • 223 Persounen insgesamt hunn am Joer 2025 déi Lëtzebuerger Nationalitéit krut.
  • Dovu kruten 381 Persounen déi Lëtzebuerger Nationalitéit iwwer d‘Recouvrementsoptioun, baséierend op hirer Ofstamung vu Lëtzebuerger Virfaren.

(Quell: https://chronicle.lu/category/at-home/58962-8-223-people-acquire-luxembourgish-nationality-in-2025?utm_source=chatgpt.com )

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi vill Persounen hu säit dem Akraafttriede vun der Recouvrementsoptioun déi Lëtzebuerger Nationalitéit krut, opgeschlësselt no Joer an – souwäit méiglech – no Hierkonftsland?
  2. Wéi vill Unträg goufe bis zum Oflaf vun der Frist, dem 31. Dezember 2025, insgesamt gestallt, opgeschlësselt no Status (ofgeschloss, gëtt traitéiert, ofgeleent)?
  3. Ass d‘Recouvrementsoptioun mat Oflaf vum 31. Dezember 2025 vollstänneg ausgelaf, oder besti weiderhi Rechtsweeër, op déi sech d’Untragsteller beruffe kënnen?
    – Falls weider Rechtsweeër bestinn: Kann d’Madamm Minister preziséieren, wéi eng Optiounen den Untragsteller opstinn, an op wéi enger legaler Basis?

Deel dëse Post: