Wéi geet et weider mam Schlass Buschland zu Réimech?

D’Schlass Buschland zu Réimech ass vu groussem kulturhistoreschem Wäert. Aktuell steet et awer eidel. D’Alexandra Schoos wëll wëssen, wéi et mat deem ongewéinleche Schlass weidergeet.

Fro:

Laut engem Artikel am Tageblatt („CHÂTEAU ARABIA − Im verborgenen Schloss in Remich residierte zuletzt ein Scheich – jetzt zerfällt es“) befënnt sech dat sougenannt “Schlass Buschland”, och als „Château Arabia“ bekannt, tëscht Réimech a Stadbriedemes geleeën, an engem desolaten Zoustand. D’Gebai, dat 1889 gebaut gouf an architektonesch Elementer vun der Neogotik an der Neorenaissance vereent, weist e gewësse kulturhistoreschen an architektonesche Wäert op.

Dem Artikel no ass d’Schlass säit Joren Zilscheif vu Vandalismus: Fënster ginn ageschloen, bannendra si vill Deeler vun der Ausstattung zerstéiert ginn. Den Artikel weist och drop hin, dass d’Gebai a Privatbesëtz ass a bis elo net ënner Denkmalschutz steet. Vertrieder vun der Gemeng Réimech hätten den Här Kulturminister schonns gefrot, ob de Staat d’Gebai kafen a renovéiere kéint, fir et ze erhalen. Am Artikel heescht et dozou: Eine Antwort? Bisher offensichtlich nicht.“

Virun dësem Hannergrond wéilt ech dem Här Kulturminister gär follgend Froe stellen:

  1. Ass dem Kulturministère den aktuellen Zoustand vum Schlass Buschland zu Réimech bekannt?
  2. Gouf d’Gebai schonns duerch déi zoustänneg staatlech Instanzen, besonnesch den “Institut national pour le patrimoine architectural” (INPA), am Hibléck op säi kulturhistoreschen oder architektonesche Wäert evaluéiert?
  3. Aus wéi enge Grënn steet d’Schlass aktuell net ënner Denkmalschutz bzw. aus wéi enge Grënn gouf et bis elo net an den nationalen Inventaire vum architektoneschen Ierwen opgeholl?
  4. Préift de Kulturministère aktuell en eventuellt Ënner-Denkmalschutz-Stelle vum Gebai oder aner Moossnamen zum Schutz vun dësem Schlass?
  5. Wéi eng rechtlech a finanziell Méiglechkeete besti fir de Staat, fir a Fäll wéi dësem dréngend Sécherungs- oder Astandhalungsmoossnamen anzeleeden, och dann, wa sech d’Gebai a Privatbesëtz befënnt?
  6. Goufe säitens dem Ministère Gespréicher mat der Gemeng Réimech oder aneren Acteure gefouert, fir eng Léisung fir d’Zukunft vun dësem Gebai ze fannen?

 

Foto Copyright: https://www.industrie.lu/Remich.html

 

Deel dëse Post: