Mir brauchen eng realistesch Energiepolitik!

Mir brauchen eng realistesch Energiepolitik, déi Krisen aushält an d’Bierger schützt.
D’Hausse vun de Liewenskäschte mécht sech ëmmer méi staark bemierkbar: fir ze tanke bezilt een haut dacks 10–15€ méi, an och Mazout kascht vill Stéit e puer honnert Euro extra. Stroum a Gas sinn zwar stabil, mee op engem héijen Niveau – an d’Gefor besteet, datt se nach klammen.
Mir als ADR setzen eis dofir an, d’Liewenskäschten esou niddereg wéi méiglech ze halen – besonnesch fir Leit um Mindestloun an eis Betriber.
D’Ursaach vun de Präisser läit net nëmmen an der Geopolitik. Eng verfeelten Energiepolitik spillt eng grouss Roll. Europa muss eng souverän an diversifizéiert Energiepolitik hunn: mat nuklearer Energie, erneierbaren Energien an eegene Ressourcen, fir manner ofhängeg ze sinn.
Zousätzlech drécke Steieren, wéi d’CO2-Steier, an europäesch Mechanismen d’Präisser weider an d’Luucht.
Deel dëse Post: