Am Bausecteur zu Lëtzebuerg leeft eppes falsch

Am Bausecteur zu Lëtzebuerg leeft eppes falsch: mir bauen net genuch, et ass ze deier, an d’Reegelen si vill ze komplizéiert. D’Konsequenz? Mir stinn eis selwer am Wee.
Vill Privatleit, déi am gudde Vertraue bauen, ginn no Problemer – wéi z. B. enger Faillite vum Promoteur – eleng gelooss a falen an existenziell Krisen. Dat dierf net sinn.
Jo, déi Schwächst brauchen Hëllef beim Logement. Mee och vill aner Leit ginn haut vum System am Stach gelooss oder kréien net déi néideg Opklärung.
Ouni eng richteg administrativ Vereinfachung an e Paradigmewiessel wäert sech näischt änneren. D’Fro bleift: Bréngt déi nei Administratioun wierklech eng Verbesserung – oder schaaft se just nei Staatsplazen.
👉 De Bilan gëtt spéitstens virun den nächste Wale gemaach!
Deel dëse Post: