Mir brauchen en nationalen Inventaire vu schützenswäerte Gebaier

Aktuell gëtt et keen ofgeschlossenen Inventaire vu schützenswäerte Gebaier. Dozou huet d’Alexandra Schoos e puer Froen un de Kulturminister.

Fro:

Am Kader vun der Ëmsetzung vum Gesetz vum 25. Februar 2022 iwwer eise Patrimoine léisst d‘Regierung duerch den Institut national pour le patrimoine architectural (INPA), Gemeng fir Gemeng, Inventairë vu potenziell schützenswäerte Gebaier erstellen. Eng Rei vun Inventairë sinn aktuell schonns ofgeschloss. D‘Gesetz gesäit vir, dass fir all Gemeng erfaasst gëtt, wéi eng Gebaier no wëssenschaftleche Krittären als Deel vun eisem Patrimoine ze gëllen hunn. Laangfristegt Zil ass en zentralen, nationalen Inventaire, deen net nëmme schonns klassifizéiert Gebaier, mee och potentiell schützenswäert Gebaier dokumentéiert. En ofgeschlossenen Inventaire fir dat ganzt Land existéiert nach net offiziell a konsolidéierter Form. Well meng Motioun “Données statistiques relatives aux immeubles démolis” vum 2. Abrëll 2025 ënner anerem mam Argument ofgeleent gouf, d’Regierung géif souwisou un engem nationalen Inventaire vu schützendswäerte Gebaier schaffen, hunn ech follgend Froen un den Här Kulturminister:

  1. Kann den Här Minster preziséieren, wou deen nationalen Inventaire vu schützenswäerte Gebaier aktuell drun ass?
  2. No wéi engen objektive Krittären entscheet d‘Regierung, ob een an engem INPA-Inventaire erfaasst Gebai spéider tatsächlech engem Schutz- oder Klassifizéierungsverfaren ënnerzu gëtt, a ween trëfft dës Entscheedung a leschter Instanz?
  3. Wéi eng konkret rechtlech oder faktesch Auswierkungen hu lafend oder ofgeschlossen Inventairë schonns elo op Proprietairen, besonnesch am Hibléck op  Baugeneemegungen, Ofrëssgeneemegungen oder kommunal Planungsprozesser?
  4. Bis wéini plangt d‘Regierung, d‘Inventariséierung vum architektonesche Patrimoine landeswäit ofzeschléissen an d’Resultater an enger transparenter, zentraliséierter Form zu verëffentlechen?

Deel dëse Post: