De Minister Meisch huet am RTL-Interview gelunn!

Pressematdeelung vum 3. Februar 2026

An der Kommissioun iwwer d’“LGBTQIA+”-Thematik an de Schoulen, de 27. Januar 2026, hat d’Regierung déi nei Toiletten am LTC presentéiert an dobäi ugekënnegt: et gi keng separat Jongen- a Meedercherstoilettë méi! Si hunn dat ënnermauert mat Skizzen a gesot, datt dat an all neiem Lycée esou wäert gemaach ginn. A bei gréisseren Ëmbau-Aarbechten dann och an den anere Lycéeën.

Zitat aus der Kommissioun: “Et ass [sinn] am Prinzip just Toilettë virgesinn, dat heescht, et si keng Urinoirë virgesinn. Et kann een zwar déi virgesinn, mee an dësem Konzept, gesitt Dir, si just Toilettë virgesinn. (…) Wat d’Signalétique betrëfft, do ass kloer: Et gëtt an Zukunft just nach ‘WC’ dropgeschriwwen, et gëtt net méi den Distingo gemeet tëscht enger männlecher oder weiblecher Toilette.”

Zousätzlech ass am Interview um 100,7 vum 28. Januar vun der Kommissiounspresidentin gesot ginn: “…mee do geet et drëms eng modern Léisung ze fannen, an do ass decidéiert ginn, dass Der net méi zwee separat Raim hutt, mat engem Männlein, dee gezeechent ass virun der Dier, oder Weiblein, mee do gëtt et einfach ee grousse Raum…”

De facto huet de Minister Meisch am RTL-Interview vum 2. Februar 2026 also ganz kloer gelunn. D’ADR huet genau dat erëmginn, wat an der Kommissioun kloer an däitlech annoncéiert gouf, an dozou sti mir.

D’ADR fuerdert, datt d’Regierung hire Projet iwwert d’Ofschafe vu separate Meederchers- a Jongentoiletten zeréckzitt.

 Matgedeelt vun der ADR-Fraktioun

Deel dëse Post: