Den Observatoire soll en technescht Instrument sinn, kee politescht Steierungsinstrument.
D’ADR stëmmt dem Gesetz zou – mee Donnéeë mussen onofhängeg, objektiv an transparent erhuewe ginn – ouni politesche Filter.
D’Kulturpolitik muss
- d’Realitéit vun de Kulturacteure berécksiichtegen: vum Akommes, iwwer d’Aarbechtskonditioune bis hin zur Stabilitéit vun hirer Beschäftegung.
- de materielle Volet vun der Kultur berécksiichtegen.
- den immaterielle Volet: Wäerter, Traditiounen, d’Sprooch, geeschteg Leeschtungen, Denk- a Liewensweise vun eiser Gesellschaft berécksiichtegen.